Aspis

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Aspis (algr. fir « Schëld »), och fälschlecherweis Hoplon fir d'Schëld vun den Hoplite genannt, war eng Verdeedegungswaff an der Antikitéit fir d'Infanterie an d'Kavalerie. Den Aspis huet eng grouss Evolutioun an der Form an am Material kannt.

En Aspis a Form vun enger 8 op engem Fresko zu Mykene.

Während der minoescher Zäit gouf et en Aspis a Form vun enger 8, deen aus Holz a Kouhaut gemaach war. D'Lieder gouf dréchne gelooss, a war immens resistenz géint Pfeiler an souguer géint Lanzen. A mykenescher Zäit koum eng zweet Form vun Aspis eraus, aus de selwechte Materialien. De sougenannten "Tuerm-Aspis" war bal sou grouss wéi e Mann, a rechteckeg, den ieweschten Deel war ofgerënnt. Ëm 1200 v. Chr. gouf et och méi kleng Versioune vun de Modeller a Form vun enger 8 an a Form vun engem Tuerm.

Vun der thrakescher liichter Infanterie, de Peltasten, gouf vum 6. bis 4. Joerhonnert de Peltè gedroen. Dëst Schëld hat d'Form vun engem Croissant, an huet aus enger hëlzerner Armatur bestanen, déi mat Déierenhaut iwwerzu gouf. Dacks waren um Peltè och Zeechnungen ze gesinn.

Den Aspis koilè[änneren | Quelltext änneren]

Vum 7. bis 4. Joerhonnert gouf de sougenannten Aspis koilè, dee meeschtens Hoplon genannt gëtt, vun den Hoplite gedroen.

De Begrëff Hoplon (Waff) gëtt allerdéngs an der zäitgenëssescher Literatur falsch benotzt, fir d'Schëld ze nennen, d'Leit aus der Antikitéit hunn dem Wuert ni dëse Sënn ginn. Dëse Feeler kënnt virun allem doduerch, datt d'Schëld d'Haaptwaff vum Hoplit ass.

Den Aspis koilè (huelt Schëld) ass am 7. Joerhonnert opkomm, a war e ronnt Schëld vun 90 cm - 1 Meter Duerchmiesser. D'Schëld gouf vum ganzen Ënneraarm gedroen, wat erlaabt huet, d'Schëld fest awer gläichzäiteg och liicht an der Hand ze halen, wann et drop ukomm ass.

Detail vun enger Amphor aus dem 6. Joerhonnert mat verännertem Aspis.

Et war üblech, charakteristesch Zeechen op d'Schëlder ze maachen, déi sech vu Polis zu Polis ënnerscheet hunn. D'Schëlder vun den Atheneschen Hopliten haten zum Beispill eng Eil, bei den Thebaner war et eng Sphinx a bei de Spartaner en Λ, de griichesche Buschtaf Lambda (fir Lakedaimon). Wéi vill Kämpfer vun enger Phalanx d'Zeechen op hire Schëlter haten, a wéiwäit dës Zeechen uniform waren, ass net kloer. Op athenesche Vasebiller gesäit een eng ganz Bandbreed vun Zeechen, déi och net ëmmer e Bezuch zu der Stad selwer haten. Och bei anere Waffe gouf et éischter Individualitéit.

Sou e Schëld huet ëm déi 8 Kilo op d'Wo bruecht, a war domat eng Waff déi fir d'schwéier Infanterie, also d'Hopliten, reservéiert war. Beim Ugrëff an der Phalanx huet den Aspis koilè den Hoplit vum Hals bis zu de Been beschützt.

Op ville Representatioune vun dëser Zäit ass och eng verännert Versioun vum Aspis koilè ze gesinn, mä d'Archeologe konnten nach kee sou Modell fannen. Et kann natierlech sinn, datt dës verännert Versioun aus Material gemaach gouf, wat sech net gehalen huet.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Pierre Ducrey, Guerre et guerriers dans la Grèce antique, Hachette, Paräis, 1999. (ISBN 2012789862)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Discobolus icon.png Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antikitéit.