Australopithecus afarensis

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Australopithecus afarensis
Lucy
Lucy
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Uerdnung: Primaten
Famill: Mënschenafen
Gattung: Australopithecus
Aart: Australopithecus afarensis
Wëssenschaftlechen Numm
Australopithecus afarensis


Den Australopithecus afarensis ass eng ausgestuerwen Aart aus der Gattung Australopithecus. Si huet ongeféier virun 3,9 Millioune Joer bis virun 3,0 Millioune Joer an Ostafrika gelieft.

Gehirvolumen 400 - 500 cm³
Gréisst 1 - 1,5 m
Gewiicht 30 - 70 kg
Kascht haapsächlech Planzen

Säi Gehirvolumen war esou grouss wéi dee vum haitege Schimpans an och säi Gesicht mat der niddreger Stier, Schanken iwwer den Aen, flach Nues an d'Gebëss gläicht deem vum Mënschenaf.

Seng Eckzänn an d'iwescht Gebéck waren awer relativ kleng.

Aus dene sëllege Funden, haaptsächlech duerch d'Schanke vum Knéigelenk an duerch 69 Foussofdréck déi an Tansania fonnt goufen, léisst draus schléissen, datt den Australopithecus afarensis schonn op zwee Bee gaangen ass, wann och nach zimlech wackeleg.

Dat bekannteste Fossil gouf 1974 entdeckt a Lucy genannt. D'Lucy gëllt als Urahnin vun den Homoniden. 47 Schanken vun wahrscheinlech 207 vum Skelett goufe fonnt.

Den Numm afarensis kënnt vun Afar, enger äthiopescher Géigend.

Commons: Australopithecus afarensis – Biller, Videoen oder Audiodateien