Autobunn A6 (Lëtzebuerg)
Ausgesinn
A6 - Areler Autobunn | |||
Zeechen | N° | Verdeeler | km |
A3 Gaasperecher Kräiz | 0,000 | ||
A4 Zéissenger Kräiz | 2,999 | ||
5 | Helfenter Bréck | 5,212 | |
4 | Stroossen | 6,794 | |
3 | Briddel | 8,874 | |
2 | Mamer | 13,231 | |
Aire de Capellen | 16,025 | ||
1 | Wandhaff | 17,176 | |
Belsch Grenz - A4 | 20,794 |
D'Autobunn A6, och Areler Autobunn genannt, ass eng lëtzebuergesch Autobunn am Kanton Lëtzebuerg an am Kanton Capellen. Als Iwwergank vun der A1 fänkt se um Gaasperecher Kräiz am Süde vun der Stad Lëtzebuerg un a leeft dann a Richtung Weste bis op d'belsch Grenz an der Gemeng Stengefort, wou s'un déi belsch Autobunn A4 ugeschloss ass.
Et gëtt 5 Autobunnsausfaarten/-opfaarten, 2 Autobunnnskräizer an eng Plaz fir ze raschte mat Bensinnsstatioun (Aire de Capellen). Den Tracé vun der A6 leeft méi oder manner parallel mat der N6.
D'A6 ass tëscht 1976 an 1982 a Betrib geholl ginn a s'ass op hirer ganzer Längt en Deel vun der E25.
Se huet eng Längt vun 20,8 km.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Enn vun der A6, op der belscher Grenz.
-
D'A6 kuerz virum Zéissenger Kräiz (2014)
-
D'Eisebunnsbréck vun der Streck Stad-Péiteng iwwert d'A6 (2014)
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Bréck op der Cloche d'or iwwer d'A6
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Autobunn A6 – Biller, Videoen oder Audiodateien |