Béimescht Massiv

Vu Wikipedia
Kaart vum Variszesche Massiv mat senge Mëttelhéije Bierger a Mëtteleuropa. D'Béimescht Massiv ass riets.
Hiwwelech Landschaft vum Bayresche Bësch, eng typesch Landschaft.

D'Béimescht Massiv (Tschechesch: Česká vysočina oder Český masiv, Däitsch: Böhmische Masse oder Böhmisches Massiv) ass eng geomorphologesch Géigend a Mëtteleuropa. Et erstreckt sech iwwer bal déi ganz Tschechesch Republik, an iwwer d'Grenzen dovun eraus an de Südoste vun Däitschland, de Süde vu Polen an den Norde vun Éisträich.

Am Massiv gëtt et eng Rëtsch vu Mëttelhéije Bierger (de: Mittelgebirge) an et besteet aus kristallinem Gestengs, dat méi al wéi de Perm (iwwer 300 Millioune Joer) ass, an dat dofir am Laf vun der Variszescher Orogenes deforméiert gouf, an zanterhir staark erodéiert ass.

Deeler vun de Sudete falen ausser der Rei vun den 'normalen' Mëttelhéige Bierger (absënns d'Krkonoše (tschechesch)/Karkonosze (polnesch)/Riesengebirge (däitsch), wou et véier ënnerschiddlech klimatesch determinéiert Héichtenzone gëtt, ënnert anerem iwwer d'Bamgrenz eraus.

D'Béimescht Massiv ass en Deel vum fréieren Hercynesche Bësch-Subsystem, a grenzt un d'Westkarpaten am Osten, déi Ëstlech Alpen am Süden, d'Nordeuropäescht Flaachland am Norden, an Däitsch Mëttelhéich Bierger am Westen. D'Béimescht Massiv selwer kann a sechs Ënnerregiounen ageeelt ginn:[1]

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Topographie vum Béimesche Massiv ass meeschtens dominéiert vun enger Hiwwelllandschaft. Nërdlech vun der Donau sinn et kleng Däller mat breede, flaache Flanken. Déi héchst Bierger laanscht d'éisträichesch-tschechesch Grenz sinn de Plöckenstein (Plechý, 1.378 m) an de Sternstein (1.125 m).

Allgemeng sinn d'Däller, wéi och an aneren europäesche Mëttelhéige Bierger, méi onreegelméisseg a manner staark prononcéiert wéi z.B. an den Alpen, déi méi jonk sinn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Béimescht Massiv – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Demek, Jaromír; Mackovčin, Peter: Zeměpisný lexikon ČR: Hory a nížiny. Nature and Landscape Protection Agency of the Czech Republic, 2006. ISBN 80-86064-99-9.