Benotzer Diskussioun:Alexandra/Archiv2

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

ech hu grad dee flotte Kalenner gesiin, deen s De gemaach hues. Sollte mer deen net probéieren, op der Haaptsäit ënnerzekréiern?

--Zinneke 22:10, 28 Dezember 2005 (UTC)

Provënze (n)[Quelltext änneren]

--Otets <font style="color:green;">&#09827;</font> 03:03, 8 Januar 2006 (UTC) Provënze vun ...... --Cornischong 18:39, 5 Januar 2006 (UTC)

Däerf ech däi Kurhaus an en "anert Liicht" réckelen? --Cornischong 18:46, 5 Januar 2006 (UTC)

Looss se kommen.(Net méi wéi 6 MB an engem Mail!) --Cornischong 19:10, 5 Januar 2006 (UTC)

Se sinn do. --Cornischong 21:04, 5 Januar 2006 (UTC)

Babelboxe kanns de der op denger Usersäit op d'Mooss zammeren. D'Templaten dogéint sollten awer eenheetlech bleiwen. --Otets 21:24, 5 Januar 2006 (UTC)

D'Templatë si schonn nees zréckgesat, dat ass alles an der Rei. Just op denger Usersäit ass et nach no denger Mooss. Soll ech déi do och zrécksetzen? --Otets 14:40, 6 Januar 2006 (UTC)

Halli. Ech kommen net riochteg no mat denger Fro. Ech hat der véier (2x2) kritt an hu se (déi véier) där an enger Kéier zréckgeschéckt. Ass do e Problem??

Voilà, alles nees wéi virdrun. Op mengem Ecran gëtt keng Schrëft ënnerbrach, dofir weess ech elo net wat fir e Problem s du mengs. --Otets 01:17, 7 Januar 2006 (UTC)

Op mengem Ecran feele keng Buschstawen. Do ass et da schwéier fir mech ze soen u wat et léie kann, well ech net gutt erëmprobéiere kann. Versich vläicht mat ënnerschiddlechen Ecransresolutiounen, op et wierklech just um Ecran läit. --Otets 03:02, 8 Januar 2006 (UTC)

E schéin Gudden. Fir d'éischt luewen se, an da kommen se heeschen.
Kéins du, als diploméiert Taxoboxerin, eng dovun an de Séissholz-Artikel praffen? Merci. --Cornischong 13:32, 12 Januar 2006 (UTC)

Gudden Owend. Du has et villäicht net matkritt: Do sicht een eng Foto vu Mokuch. (Du wess, déi schwaarz Rulloen). --Cornischong 22:54, 13 Januar 2006 (UTC) Mär geet et genee d'selwecht. --Cornischong 22:58, 13 Januar 2006 (UTC)

Dat ass jo schrecklech mat den NET-Fotoen vu spuenesche Stied a Provënzen. Suguer déi aragonesesch Wiki ass mat Fotoe schlecht drun. Hues du selwer och keng? Wann s de der an enger Wiki fënns, da so mer Bescheed, dann hëllefen ech der se eroplueden. --Cornischong 23:35, 13 Januar 2006 (UTC)

O mei, neen, dat ass international d'selwecht. D'Schwoben (Schwob, Schwoben!) géifen eis ëmbréngen. --Cornischong 00:11, 14 Januar 2006 (UTC)

D'Cordoba-Bréck hunn ech (jo, ech weess, ech gi mech net) opgehellt. Da lueden ech déi mol nach bäi. Wann s de eng Foto (wéi gesot) an enger Wiki gesäiss, so mer just Bescheed, wou se ass. Da kropen ech se an da kritt se nach eng mam Känki. Well déi meesch tisnn ze däischter. ok? --Cornischong 00:17, 14 Januar 2006 (UTC)

Wochendeeg[Quelltext änneren]

Moien Alexandra, maja, ech hunn en Artikel iwwert Wochendeeg gesinn, wou och e bëssen op d'Etymologie agaange gëtt. Lo weess ech net ob ech en Deel einfach op den Artikel Wochendeeg soll setzen ann dann op déi eenzel Wochendeeg verlinken, oder op ech d'Wochendeeg einfach soll siloossen ann d'Informatioune just bei déi eenzel Deeg setzen. Wat mengs du? Myriam 12:33, 14 Januar 2006 (UTC)

Firwat hues de dann lo d'Woch ewechgeholl, ech hat grad eng Kategorie opgemaach, dat ass net léif ;-) Myriam 17:32, 14 Januar 2006 (UTC)

Nee, da looss fir den Ament mol sinn. Ech hat geduecht et kéint een eventuell eenzel Artikelen zu deene verschiddene Kalennerwochen déi et an anere Kulture gi sinn maachen oder sou, mee ech misst do mol kucke wat ech fannen. Op der däitscher Wiki hu se zB och eng Tabell mat de Nimm vunn de Wochendeeg an X verschiddene Sproochen, wat ech eigentlech och ganz interessant fonnt hunn. Leider muss ech lo fort. Ech iwwerlée mer am Laf vun deene nächsten Deeg eppes. Bis geschwënn Myriam 17:44, 14 Januar 2006 (UTC)

Halli. Eisen "Padrao dos Descobrimentos" nennen d'Portugisen "Monumento aos Descobrimentos", Ënner Monumento kann ech mer eppes virstellen. Wat maache mer? --Cornischong 18:22, 14 Januar 2006 (UTC)

Halli. A Südafrika sëtzen se schonns bei de Spätzle, just ouni Gréiwen (!!) :-))) --Cornischong 23:09, 14 Januar 2006 (UTC)

Ee Club, zwéi Clibb. :-)) An da sees de dem Myriam emol, wat s de vun dem Artikel mat Vernennwierder häls :-))))) --Cornischong 23:30, 14 Januar 2006 (UTC)

Op wat hues de dech da lo bezunn? Op d'Vernennen oder op d'Wochendeeg? Bei Vernennwieder (wa mer se dann sou nenne sollen) géif ech soen: Lëtzebuergeg Sprooch. D'Iddi kënnt iwwregens vu méngem Mann (da kann ech mech e bëssi dovu fräischwätzen ;-) Myriam 23:41, 14 Januar 2006 (UTC)

Ann du kriss keng Problemer wanns de um Johnny séngem Artikel kniwwels? Myriam 23:33, 14 Januar 2006 (UTC)

Gutt Aarbecht[Quelltext änneren]

Hallo Alexandra, wéi schaffs du eigentlech, du kämpfs jo unn alle Fronten. Wéi bréngs du et fäerdeg esou vill verschidden Artikelen ze maachen? Ech konzentréiere mech meeschtens op een Thema (OK ginn heiansdo ofgelenkt vunn deem wat am "Rezent Ännerungen" leeft). Mee du mechs jo awer vill verschiddenes, ann dat schon zënter haut de Mëtten. Respekt! Woubäi ech dem Cornischong net well op de Schlips trëppelen, mee dee schafft vergläichbar. (OK déi Wierder op -bar sinn hei net gär gesinn) Myriam 00:18, 15 Januar 2006 (UTC)

An da kacht et nach Spätzle dertëschent. De vergläichbare --Cornischong 00:24, 15 Januar 2006 (UTC)
an iesse machen ech se och nach :-) --Alexandra 00:25, 15 Januar 2006 (UTC)

Maja geet dach mam Vernennen! Myriam 00:55, 15 Januar 2006 (UTC)

Kaweechelchen[Quelltext änneren]

Moien, Kaweechelchen misst esou geschriwwe ginn. Wann de Cornischong keng Äntwert huet, da fro mol de Marcus. Menger Meenung no ass Kaweechelchen awer just den Numm vun der Aart an net vun der Famill. --Tomateus 19:10, 16 Januar 2006 (UTC)

Halli. Eichhörnchen = "Kaweechelchen" "Kaweechelcher". Nëmmen d' "Eichhörnercher" heeschen esou. --Cornischong 19:21, 16 Januar 2006 (UTC)


Merci dir zwee :-)


ech géif et awer legitim fanne fir d'Sciuridae global Kaweechelcher ze nennen, well (1) gläichen déi se all relativ vill an (2) hun déi Leit déi d'Wuert Kaweechelcher "erfonnt" hunn nie en anere Sciuridae gesinn ewéi de Sciurus vulgaris an ech ginn emol dervun aus datt par extesion och aner Membere vun deer Famill dann Kaweechelche genannt gi wären --Marcus 19:31, 16 Januar 2006 (UTC)

ok

Déi Weesekënnercher "sinn aus der Cache an net onbedéngt aktuell" (steet op der Säit); dat kéint de Grond sinn :-) Looss eis se mol am A behalen. --Cornischong 12:31, 17 Januar 2006 (UTC)

Moien Alexandra, Kaweechelchen mat "ch" net mat "sch" wann ech dat hei sou liesen. Myriam 22:16, 17 Januar 2006 (UTC)


Maach der kee Kapp. Ech stoung och schonn um Schlauch (fro de Cornischong), ech mengen dat wichtegst ass wa mer zesummeschaffen. Op alle Fall, wanns de lo schlofe geess: Gudd Nuecht. Bis geschwënn. Myriam 23:15, 17 Januar 2006 (UTC)

"Kaweechelchen" "Kaweechelcher" !! hat gëscht ee geschriwwen :-) --Cornischong 22:22, 17 Januar 2006 (UTC)

Kee Problem :-) Myriam 22:25, 17 Januar 2006 (UTC)

Alexandra, ech hu lo duerch Zoufall déng Nooriicht beim Cornischong gesinn, da so mer lo mol nach em wat et gaang ass? Ëmmer nach déi Saach mam Kaweechelchen? Dat ass jo awer kee Problem Myriam 23:02, 17 Januar 2006 (UTC)

Halli. Dem Menhir kanns de mol bei Geleeënheet eng Sproochekëscht mat "cz-1" stëften. Merci. --Cornischong 12:37, 18 Januar 2006 (UTC)

Navigatiounslëscht[Quelltext änneren]

Ech weess net ob se vun dir ass, mee wéi kréien ech dann an der Navigatiounslëscht vun der griichescher Mythologie den Apollon an Apollo verbessert? Myriam 15:44, 18 Januar 2006 (UTC)

Eureka! ;-) Myriam 16:04, 18 Januar 2006 (UTC)

Halli. Iers de nees an d'Bett gees, well s de mengs, et wier alles fäerdeg: Soll ech der dann eng Foto vun engem Schielewitzi siche goen? (jo, et gëtt och nach aner Nimm fir dat Déierchen, awer dé sinn net esou flott. De Schielewitzi ass iwwregens den Numm , deen zu Lëntgen gebraucht gëtt. --Cornischong 18:50, 18 Januar 2006 (UTC)

Dat hunn ech mer geduecht mam Tippfeeler; näischt fir ongutt, mee dat konnte mer jo schlecht stoe loossen ;-)

O mei. Lo hat ech vergiess, datt mer schonns en Artikel vun der Schielmees hunn (mat enger Foto vum Tomateus). Ech hoffen, dee bréngt mech net ëm, wann ech nach eng drasetzen. Weess de, ech sinn déi ganzen Zäit op der Sich no deene beschte Biller, a wéi ech déi gesinn hat, huet et gefonkt. Déi lëtzebueresch Nimm wäert ech och nach drasetzen, wann ech nees a Form sinn. --Cornischong 20:22, 18 Januar 2006 (UTC)

Halli. De Kleiber ass eise "Grousse Bamleefer". --Cornischong 21:12, 19 Januar 2006 (UTC)

Rauschgëft[Quelltext änneren]

Puh schwéiert Thema (oder heescht et schwéieren Thema?), ech mengen och net dat et duer geet mat deene Rauschmëttelen déis de opgezielt hues. Mee mol kucke wat nach kënnt. Myriam 22:34, 19 Januar 2006 (UTC)

Triwwels de nach weg an der önologescher Kategorie :-) --Cornischong 15:24, 25 Januar 2006 (UTC)

Ass schonn an der Rei, ech war nees méi séier. ;-) --Otets 16:18, 25 Januar 2006 (UTC)

Also wierklech..... :-) --Alexandra 16:57, 25 Januar 2006 (UTC)

Salut Alexandra, Spezialist ass villäicht e bësse vill gesot, mee: jo kann ech maachen (oder op d'mannst emol ufänken. Wéi soll ech dat dann opdeelen, einfach dem ABC no? Myriam 19:56, 25 Januar 2006 (UTC)

Wien huet wat ?[Quelltext änneren]

"Firwat hues du d'Kat erëm geännert?" Firwat soll ech wat wou g'ännert hunn? --Cornischong 12:08, 26 Januar 2006 (UTC)

Also wéi s du mer geschriwwen hues, ech hätt eppes an enger Kategorie g'ännert hunn ech mer geduecht du häss dech an der Persoun geirt. Ech paken, wéi s de jo weess, am Prinzip keng Kategorien un. Ech hunn dat lo nogekuckt: Mär war opgefall, datt do "ausgeruff" stoung, an hu mech gefrot, wat dat soll bedeiten. Doropshin hunn ech "ausgeruff" op "ugeluecht" g'ännert, a weider guer näischt!!!!! Ech si mer doutsécher, datt et mer net am Dram agefall wier, fir eppes un der Kategorie z'änneren, well ech mech ni (!!!!) mat de "spuenesche" Kategorien ofginn hunn, well ech frou sinn datt s du dech dorëms këmmers. Ech verstinn elo guer näischt méi!!!! Ech hat just haut e puer Mol eng Feelermeldung (ob et och an deem hei Fall war, wees ech allerdéngs net méi) beim Späicheren. Beim 12.19 Auer Späicheren hunn ech et dobäi geschriwwen. Do muss eppes beim Server geschitt sinn, well ech sinn net un iergendeng Kategorie ännere gaangen. Dat kléngt alles sou herrlech idiotesch, mee et ass esou. Et deet mer Leed, datt s de dronke gemaach goufs, mee dat ass mär e Rätsel. --Cornischong 12:34, 26 Januar 2006 (UTC)

Salut Alexandra, kucks de mol kuerz däin e-mail wanns de Zäit hues? Myriam 21:07, 26 Januar 2006 (UTC)

Sou wéi ech dat gesinn, geet et nëmmen ëm dës Lëscht. --Cornischong 11:55, 27 Januar 2006 (UTC)

Ma sécher a gewëss. (Joergan"k") An enger Véierelstonn sinn ech fort. --Cornischong 12:18, 27 Januar 2006 (UTC)

Ma lo direkt. --Cornischong 12:24, 27 Januar 2006 (UTC) Wann an der Tëschezäit nach eng Fro ass iwwer d'Presidenten, da schell emol beim Ernmuhl :-) --Cornischong 12:29, 27 Januar 2006 (UTC)

Sprooch vu Bichertitelen[Quelltext änneren]

Moien,

ech giff staark dofir plädéieren, fir den Numm vum Artikel grondsätzlech den 'Originalnumm ze huelen (sou wéi bei Filmtitelen och). Ech mengen, a wikipedianeschen Holozän (also am Hierscht 2004 ;-) gouf et mol eng Diskussioun zu deem Thema, an och do gouf dës Optioun festgehalen. Et goung em dem Eco säi Roman Il nome della rosa, deen den Eichinger ënnert Der Name der Rose verfilmt huet. "Den Numm vun der Rous" ass verworf ginn, well et weder e Film nach e Buch gëtt, déi sou heeschen.

Wann elo ausnamsweis en Titel iwwersat méi bekannt ass wéi d'Original ("Märercher aus dausend an enger Nuecht" si jidderengem e Begrëff, "Leila wa-Leila" mengen ech, manner) da kinnt een iwwerleeën, dovunner ofzewäichen. A Redirecte hu jo scho munneches gerett.

--Zinneke 21:58, 28 Januar 2006 (UTC)

Ech géif d'Fotoe vun de Buchtitelen net onbedingt duebel sou grouss op der Wiki uweise wéi se am Original sinn, well soss gesäit een zevill d'Pixelen. Wann s du déi Bicher iwwer déi s de schreifs och selwer hues, da kéins de d'Buchtitelen e wéineg méi grouss ascanne wéi dat wat normalerweis um Internet ze fannen ass. --Otets 14:04, 29 Januar 2006 (UTC)

Iwwer Ierbeseesn[Quelltext änneren]

An der gudder aler Zäit hunn ech reegelméisseg no Mëtternuecht d'Ierbesse gezielt. Nodeems ech awer dacks verbessert gouf (déi eng Kéier krut ech gesot, d'Auerzäit vun eiser Wiki géif mat der Serverauer net iwwereestëmmen, déi aner Kéier war et d'Summerzäit oder d'Wanterzäit, an nach eng aner Köier war et net gutt, datt ech d'Auerzäit op der "Aktualitéit-Säit geholl hat) hunn ech geduecht datt ech ze domm wier, fir dat ze maachen, an et léiwer sigelooss, nodeems sech ee vun de Mataarbechter douzou bereeterklärt hat. --Cornischong 13:08, 29 Januar 2006 (UTC)

Et feelt een alt heiansdo am Dingscht. ;-) Mee exklusiv Virrechter op d'Ierbsenziele wollt ech souwisou ni hunn, et ass ëmmer gutt nom Wikiprinzip epauléiert ze ginn. --Otets 14:04, 29 Januar 2006 (UTC)

"an der Rheinland -Pfalz". An den Artikele steet "a Rheinland-Pflaz", wat mer och méi "besser gutt" schéingt. --Cornischong 13:14, 29 Januar 2006 (UTC)

"An der Pfalz" d'accord. Mee a Rheinland-Pfalz, et ass jo net déi "rheinlännesch Pfalz" gemengt. Da war et jo gutt datt ech d'Saach am A hat :-) --Cornischong 13:22, 29 Januar 2006 (UTC)

Hunn ech do matkritt, datt en Artikel iwwer "Dausend an eng Nuecht" an Aussiicht ass? Ma da sinn ech emol ganz gespaant!! Wat fir eng Editioun hues du dann? freet de virwëtzege --Cornischong 14:12, 29 Januar 2006 (UTC)

Béis Themen[Quelltext änneren]

Halli. Eppes dat mer schonns zënter laanger Zäit uewe loung kënnt elo mam Artikel iwwer d'"SS-Sonderlager Hinzert" un d'Rullen (ech hoffen emol!). Kann s de der mol Gedanke maachen, fir "eng Kéier" déi Tabell aus dem de.Wiki-Artikel "Liste der Konzentrationslager" z'iwwerhuelen. Et muss net fir virgëscht sinn :-). --Cornischong 02:56, 30 Januar 2006 (UTC)

Halli. All Respekt! Merci. (Ech kucken dat nach duerch.) --Cornischong 10:10, 30 Januar 2006 (UTC)

Kann s de bei der Chamberpresidentelëscht nach déi dräi Periode vun 1872-1873 / 1873-1874/ 1874-1875 / opsplécken, well dat waren dräi Sëtzungsperioden (wéi um Blat). Merci --Cornischong 21:31, 30 Januar 2006 (UTC)

"Schaffen" ass villäicht e bësse vill gesot ;-). De Moie kréien ech keng Zäit fir vill neits ze maachen, do loossen ech der de Virtrëtt :-) Ech kucke mol an der Mëttesstonn. Bis dann! Myriam 08:38, 3 Februar 2006 (UTC)

De Schluchséi an den Titséi sinn allenzwee Séien. --Cornischong 10:43, 3 Februar 2006 (UTC)

" Duerch den Asaz vun .... Comanchen": Wat, setzen déi lo Indianer an?!! --Cornischong 10:57, 3 Februar 2006 (UTC)

Moien Alexandra. Hues du de Link hanner däin Numm op der Kandidaturesäit higesat?? --Cornischong 10:31, 9 Februar 2006 (UTC)

Ass ganz interessant souguer, well hei mëscht sech en Anonymen an eise Wahlkampf eran. --Cornischong 10:35, 9 Februar 2006 (UTC)

Bei de Fësch ass et "Schuppen", also hei och. Eng Schupp, vill Schuppen. Also Schuppen..... --Cornischong 10:42, 9 Februar 2006 (UTC) Pst. Wéi ass et mat de Bildbeschreiwungen, den Nimm vun de Fotografen, de Lizenzen? --Cornischong 10:49, 9 Februar 2006 (UTC) Tjo, setz dech als Knipsograf dran, d'Nimm vum Gedéiesch musse jo net absolut genee sinn, an dann ass et fäerdeg. Ob et denger Bom hiren Apparat war, oder déng Mamm de Film ageluecht huet, ass komplett "schnuppi". Wann näischt derbäi steet, steet eng Kéier de Jimmy mueres virun denger Dier. --Cornischong 11:08, 9 Februar 2006 (UTC)

Mail do!!!! --Cornischong 23:10, 10 Februar 2006 (UTC)

Nach een: email for you :-)

Dach. De Fauna ass jo nëmmen e Wutz. (wann ech dat richteg mat krut; ech war lo just e puer frësch Berliner iessen. Du bass jo nnet zoufälleg an der Géigend? :-) --Cornischong 14:17, 12 Februar 2006 (UTC)

Mail --Cornischong 17:50, 16 Februar 2006 (UTC)

Systematik vun de Viren[Quelltext änneren]

Ech hu gesinn dat an der de-wiki och vu Famill a Gattung bei Viren geschwat gëtt, mee ech sin awer éischter dodergéint, schonns bei de Bakterien verseet de System komplett, vun de Viren also guer net ze schwätzen. Bon, wann een déi Saach mat Pincetten upäckt kann een et stoe loossen mee dann därf et awer op kee Fall op déi "normal" Systematik verlinken, wëll jo soss den Androck entstoe kéint, d'Viren wären op de selwecht Aart a Weis ze klassifizéieren wéi Hënn a Käferen. Wat kënne mer do maachen? --Marcus 08:29, 17 Februar 2006 (UTC)

eng éischt Propos: sech un der Klassifikatioun op [1] orientéieren an da schreiwen Virefamill oder viral Famill, Viregattung etc --Marcus 08:36, 17 Februar 2006 (UTC)

Den International Committee on Taxonomy of Viruses huet Famillen a "groups", Gruppe gebraucht. Wat schwätzt dogéint? --Cornischong 08:49, 17 Februar 2006 (UTC)
näischt esoulaang dës Konzeptioun vu Famill net mat deer vun de Famillen Hënn, Katzen oder Nachtschattengewächse etc verwiesselt gëtt--Marcus 08:56, 17 Februar 2006 (UTC)
VIREfamill, VIREgrupp. Wou ass de Problem? --Cornischong 09:13, 17 Februar 2006 (UTC)

Mail do--Marcus 11:30, 17 Februar 2006 (UTC)

Halli. Äntwert do. --Cornischong 10:44, 26 Februar 2006 (UTC)

Salut Alexandra,

Ech gesinn, datt's de grad mam Äishockey am Gang bass ... ech war do och grad drunn. Mee dat mëscht awer näischt, so mer just vläischt séier Bescheed ob's du dat selwer wells fäerdeg maachen oder ob ech mäi Pefferkär kenn bäileeen :-) Soss ass jo nach de Curling op an alles à Jour ze setzen Kaffi 10:57, 27 Februar 2006 (UTC)

Net weider schlëmm :-) Kaffi 11:06, 27 Februar 2006 (UTC)

Mat "Template:SUI" an "Template:CHE" hu mer elo zwee Template fir d'Schwäiz. Op wéi ee kéinte mer eis eenegen? --Otets 11:13, 27 Februar 2006 (UTC)

Ok fir CHE, d'Preisen hu sech iwregends och fir deen entscheet.
Gutt datt s de no de Wahle frees, well no engagéierten Diskussiounen am Virfeld huet d'eigentlecht Resultat erstaunlecherweis bis grad haut nach keng offiziell Reaktioun ervirgeruff an ech wollt als Bedeelegten och net deen eenzege sinn. Formell gesinn ass nämlech kee vun den dräi Kandidate gewielt ginn, well den néidege Stëmmentotal vun 10 vu kengem erreecht gouf (dee lung bäi 9, 7 an 2). Natierlech gouf virgesinn, dee Quorum, deen nach deelweis vun der wäit gréisserer de-wiki staamt an dofir net wierklech un eis Verhältnisser ugepasst ass, nodréilech z'adaptéieren. De Johnny Chicago hat op "Wikipedia talk:Adminkandidaturen" e Seuil vu 5 als Léisung gesinn. Am Nachhinein huet en effektiv Recht behalen, mee als selwer Intresséierte muss ech verständlecherweis op en e wéineg méi breede Konsens woarde respektiv eng regulär Ofstëmmung iwwer en neie Seuil. Ech kucken emol fir déi ageschlofen Diskussioun op "Wikipedia talk:Adminkandidaturen" nees ze relancéieren, fir datt dat an d'Rei geet. --Otets 15:06, 27 Februar 2006 (UTC)

moien, ok, mee et ass nach ëmmer schwiereg fir den Titel ze liesen (wäiss op hellorange) an - méi wichteg - ech wär frou wann net méi géif Räich do stoen, well d'Viren gehéieren a kee Räich ewéi mir dervu schwätzen (Déieren, Pizer etc), jo si sinn esouguer ausserhalb vun eisen 3 Domäner, ech géif dofir proposéieren ënnert "wëssenschaftlech Klassif." Viren an d'Mëtt ze schreiwen ouni en hierarschen Niveau derbäi--Marcus 14:01, 27 Februar 2006 (UTC)

esou kann déi Saach sech weise lossen, merci --Marcus 15:16, 27 Februar 2006 (UTC)

M do --Cornischong 10:55, 28 Februar 2006 (UTC)

Wuer sinn eis dräi Kéiseckerfotoen hinn? Ech gesinn nëmmen nach zwéin Timberen. --Cornischong 12:47, 1 Mäerz 2006 (UTC)

Halli. Category:Gärtner --> Gäertner. --Cornischong 15:57, 1 Mäerz 2006 (UTC)

"op dem Tomateus séng Versioun zeréckgesat" Ech hat gemengt, datt dat nëmme bei den Admine géif goen. Hunn ech eppes verpasst?? --Cornischong 16:15, 1 Mäerz 2006 (UTC)

A ja, nach eng Kéier ofspäichert, ok. Dat mam Adminshutt hänkt just um Bürokrat. Ech melle mech nach. --Cornischong 16:24, 1 Mäerz 2006 (UTC)

Halli. Ass d'Gozo net ZE hell? Net datt ech nach ufänken iwwerzekompenséieren :-/ --Cornischong 12:35, 2 Mäerz 2006 (UTC)

Da sinn ech net deen Eenzegen, deen op DAT Wuert komm ass. :-)) --Cornischong 12:47, 2 Mäerz 2006 (UTC)

ok :-)) --Cornischong 22:50, 4 Mäerz 2006 (UTC)

Félicitatioun[Quelltext änneren]

Ech schléisse mech de Félicitatioune fir den neien Admin un. --Tomateus 09:11, 5 Mäerz 2006 (UTC)

Halli. An 10-15 Minutten. --Cornischong 21:09, 5 Mäerz 2006 (UTC) Ass dat esou ok? De Buergpalast war zimmlech quokeleg. --Cornischong 21:32, 5 Mäerz 2006 (UTC)

Dat mat der "Zentral Maarkthal": Et misst jo Maarthal sinn; mee wa mer mar eng "Zentral Maarthal" vun Toronto kriten, da gëtt et problematesch. Wier do net "Maarthal Budapest" besser? --Cornischong 21:46, 5 Mäerz 2006 (UTC)

Orchideeën[Quelltext änneren]

Ec hunn eng vu mir geknipste Foto vun Ordideeën an d'Wikipedia ropgelued. Wells Du méi vu Blumme kenns wéi ech, iwwerloossen ech Dir et, fir se an een Artikel anzebauen.
Kuck och mol nom Schnéiglëckchen an nom Meeglëckchen, wann dat nach net geschitt ass, fir d'Prsentatioun ze verbesseren, Merci. --ernmuhl 18:38, 14 Abrëll 2006 (UTC)

Déi gi verginn. Mee wann et ëm d'Substanitv geet, da si mer drun! Da muss et Iwwereechung sinn. "Oscar-Iwwerreechung". Eis däitschsproocheg Noperen hu sech net luppe gelooss (Oscarverleihung 2006) Dat gesäit sech no der Geselleprüfung fir Këschtemécher un :-) --Cornischong 12:55, 6 Mäerz 2006 (UTC)


Wéi ass et da mat "Oscarverdeelung"? Ass zwar keng honnertprozenteg Iwwersetzung, mee soss fällt mer näischt dozou an. Myriam 12:56, 6 Mäerz 2006 (UTC)

D'Fransousen nennen et Oscar du Cinéma an d'Englänner Academy Awards  ?? --Alexandra 12:59, 6 Mäerz 2006 (UTC)

Di eng nennen et och 2006 an di aner 2005  ?? Wat machen?

Hei ass déi "offiziell" Websäit:( http://www.oscar.com/ ). Do nenne se kee Joer!! Fir Eenzelfroen, klapp emol beim Johnny Chicago un. --Cornischong 13:18, 6 Mäerz 2006 (UTC)

Am Ufank vum Joer X ginn emmer d'Oscaren fir d'Joer X-1 ausgedeelt. D'Filmer musse jo emol gewisse ginn ir een se kann auszeechnen.Dat bescht wir ze schreiwen dei Xten Verdeelung also det Joer 78. Verdeelung vun den Oscaren an dann den Datum.
D'Oscaren sinn esou e grouss Thema dat, dat e Buch vun e puer honnert Säiten gëtt, als bal en eegent Portal brauch oder Tonne Kategorien. Vill Mut deem deen sech un dat Thema eruntraut. Johnny Chicago 13:30, 6 Mäerz 2006 (UTC)

Ech géif Oscar schreiwen well dat Wuert am meeschte gebraucht get, am Text kann e jo nach emmer den offiziellen Titel Academy Awards ennerbrengen.

Looss der awer lo net den Artikel ausgrujelen!! ~E Bléck an d'en oder de Wiki weist, datt dat wuel méiglech ass. --Cornischong 13:40, 6 Mäerz 2006 (UTC)

Hätt ee net besser bei de Filmpräisser eng Sous-Category Oscar opzemaachen, da krit een déi verschidde Verdeelungen vum Oscar schéi beieneen. An da kennt een emmer noflëcke wann e Loscht hätt. Fir de Cornischong: Et geet net drem fir den Artikel erauszegrujelen, ech wollt just nemmen drop opmierksam machen, dat de Sujet rieseg ass, an dat een dat soll mat aplangen, wann een dermat ufänkt.. Johnny Chicago 13:53, 6 Mäerz 2006 (UTC)

Du léiss jo d'Léiwen an d'Kollegen awer am Krüeger-Artikel!!! Well do hu mer dann alles beieneen. Eng Kopie vun de Fotoen an den Déierenartikelen ass natierelch en gutt Iddi. Dann hu mer der zwar duebel, mee dat ass kee Problem.

Ech hunn der e "Giraffekapp" eropgelueden, deen ass fir an d'Këscht. Et kënnt nach dem Ermuhl seng (ganz) Giraff fir an den Artikel. Ech setzen der se dran an du vertässels se, wuer se a beschte passt. --Cornischong 19:37, 6 Mäerz 2006 (UTC)

Den neie Léiw am "Léiw" ass net ze gesinn. Do wäert "een" eng $ç$& vergiess hunn. --Cornischong 19:51, 6 Mäerz 2006 (UTC)

Lo wëll ech dech net hetzen; awer wann s de e "Gepard"-Artikel opméchs, kriss de nach "schéi" Billercher. --Cornischong 20:27, 6 Mäerz 2006 (UTC)

DE Puma bei d'Klengkazen??? An der däitscher leeft de Puma concolor bei de "Großkatzen". --Cornischong 20:37, 6 Mäerz 2006 (UTC)

Dat musse dann emol nach nopréiwen :-) Lo gëtt de Gepard nach agespaart an da muss ech mol op de Tëlee eppes kucken. Wann s de eng Kéier net wees watfir Déieren s de nach solls dresséieren, vergiess d'Chamäleonen net: D'Wikien hunn e puer fanstastesch Fotoen, mee wat ech nach net wousst: Déi kënnen net eleng d'Faarwe wiesselen, mee sech och onschaarf maachen :-))) Bis eppes virun Hallefnuecht. Du kann smer jo mol Bescheed soen, warfir Fotoen s de nach Brauchs, da ginn ech dat Gedéiesch schonns afänken. Bis herno. --Cornischong 20:52, 6 Mäerz 2006 (UTC)

Mail do. --Cornischong 09:53, 8 Mäerz 2006 (UTC)

Bei de Chamäleonen: Du hues de Stummelschwanz iwwerholl. Gefält der de "Stompschwanz" net? --Cornischong 10:07, 8 Mäerz 2006 (UTC)

Wéi s de gesäiss, sinn ech och amgaang mer de Kapp ze verstauche mat de Kapen. Ouni Garantie kéinte mer mol Kapen huelen. Wann engem Genie eppes Besseres afale wäert, ännenre mer Alles :-) --Cornischong 11:13, 8 Mäerz 2006 (UTC)

Salut Alexandra, kanns de mol hei kucke w.e.g. Talk:Enceladus (Mound). Merci Myriam 09:44, 11 Mäerz 2006 (UTC)

Request for article[Quelltext änneren]

Greetings Alexandra!, Could you please help me write a stub for this article?. It is based on this article. Just several lines would be sufficient enough. Merci. (I do not know what the correct title should be) -- Jose77, 05:35 Sonndeg 12 Mäerz 2006 (UTC)

Thankyou so much Alexandra! Your help is gratefully appreciated. May luxembourg wikipedia prosper! -- Jose77, 01:35 Dënschden 14 Mäerz 2006 (UTC)

Vullen, déi sangen[Quelltext änneren]

Halli. Firwat an dësem Fall "Vigel"? Soss huele mer Vullen. Den DLW nennt déi "Vullen, déi sangen" hm hm --Cornischong 10:28, 12 Mäerz 2006 (UTC)

Coffeeshops an Holland[Quelltext änneren]

Wéi hale mer et mat dem Titel? Eigentlech misst et "Caffeeshops an Holland" sinn. An: Kann een den "Hallefartikel" esou stoe loossen? Do feelen essentiell Saachen, ouni döi deen Text iergendwéi verfälscht ass. --Cornischong 10:34, 12 Mäerz 2006 (UTC)

Vigel Vullen[Quelltext änneren]

Moien. Jo, déi Fäll bei deenen déi zwou Méiglechkeeten "erlaabt" sinn, sinn déi lastegst. Mär hunn all Interessi fir eis op eng festzeleeën, well mer soss an enger Onmass Redirecten ersaufen. Mee, wat ass dann elo déi Méiglechkeet, déi mär am meescht gebrauchen? No menger Meenung war et Vullen. Dee Fall an deen ech fréckele war, war nach méi geckeg, do stoung an der Iwwerschrëft eppes anescht wéi am Text. :-) --Cornischong 09:49, 14 Mäerz 2006 (UTC)

Halli. Due hues e Mail. --Cornischong 19:42, 18 Mäerz 2006 (UTC)

Portalbild[Quelltext änneren]

Kee Problem, ech loosse mer do eng afalen a man daat muer. --Briséisβρισεισ 02:07, 19 Mäerz 2006 (UTC)

Halli. Dat mat den Net-Këschte misst en Iertum sinn. Hief e bësse Gedold; mer waren nach e bësse ganz laang beschäftegt mat dem ale Problem vun de Biller, déi net jidderee gesäit. Do lafen "komesch Saachen". --Cornischong 09:42, 21 Mäerz 2006 (UTC)

Sali. Dach dach, déi stinn nach a Këschten, just elo an eenheetlechen. De Virdeel ass (ech hunn dat emol frech vun de Preise kopéiert) wann elo bei engem Land, enger Stad etc. méi wéi eng Këscht dohinner muss (zB Member vun der EU & Nato) da kann ee mat deem neien "BoxenVerschmelzen" déi zwou an eng Këscht verschmëlzen, waat méi propper ausgesäit wéi zwou grouss ënnerschiddlech Këschten :-) De Bord ass zimmlech douce, mee ech gesinn e bei mir (a lo si mer wéi d'lescht Nuecht bei dene Saachen déi ech gesinn mee de Cornischong net hehe) --Briséisβρισεισ 11:49, 21 Mäerz 2006 (UTC)

Ok alsi du gesäis keng Këschten, de Cornischong keng Biller, obwuel do nach ganz komesch Fäll sinn dass en ee Bild gesäit wat identesch vun der Gréisst ass mat engem anere wat en net gesäit...wat hudd dir all fir komesch PCen ? :-))) --Briséisβρισεισ 14:15, 21 Mäerz 2006 (UTC)

Moien Alexandra, do schwätz mech jo heiansdo op d'Méizuel un. Misste mer deen hei Artikel da net och op "Sonnegëtter" réckelen? Myriam 22:49, 21 Mäerz 2006 (UTC)

Template Gr.Mytho[Quelltext änneren]

Alexandra, ech hat d'Këschten ewech geholl well de Cornischong gemengt huet se géifen am Artikel zevill Plaz ewech huelen. Myriam 10:52, 22 Mäerz 2006 (UTC)

Nee, dat war kee Virworf :-)

Ech géif soen, waart emol dem Cornischong säi Pefferkär of, da brauche mer net e puer mol unzefänken. :-) Myriam 11:10, 22 Mäerz 2006 (UTC)

Sali. Ech hat grad mam Cornischong riets iwwert déi Template. Déi hat ech deemols 1880 am Bulli wou d'Wikipedia op Lëtzebuergesch gebuer ass, gemaach, nom franséische Modell. Deemols gouf et knapps eppes wéi Kategorien, an u Portaler huet kee geduecht. Dofir hunn zum Beispill d'Fransousen (wou ech matgeschafft hat e et déi Lëtzebuergesch Wiki gouf) dann esou lëschteg Tabellen un d'riets Säit vum Artikel ze setzen, datt een sech e bëssen erëmfanne kann. Well dat Thema mat de Kategorien an de Portaler usech geléist ginn ass, brauche mer déi Tabell nëmmi dranzesetzen. Mäi Pefferkär :-) --Briséisβρισεισ 12:46, 22 Mäerz 2006 (UTC)

Messi[Quelltext änneren]

Messi fir d'Kategorie. Ech wert daat nie richteg hinkréien. Ech hun och vill Manner Zäit an der Schoul gehaat wéi geplangt. Deet mer Leed hun guer néischt kënnen schreiwen...--DaffyDuck 13:45, 22 Mäerz 2006 (UTC)

Gemengen, Stied, Dierfer[Quelltext änneren]

Gudde Mëtteg,

Ech hu gesinn, datt s du mer an en ettlechen Artikelen d'Kategorie geännert hues. Villmools merci dofir.

An deem Zesummenhang hätt ech eng Fro: Mir hunn eng Kategorie 'Stad Lëtzebuerg', eng fir 'Uertschaften' an eng fir 'Gemengen'. Gëtt et och eng Kategorie fir lieux-dits, hameaux, maison isolée, ferme isolée an änleches? Ech kéint sou eng Kategorie gebrauchen, zum Beispill fir de Reckendall oder fir di sougenannten Uertschaften wéi Mathgeshaff oder Colmer Bréck, déi als Kategorie lëtzebuerger Uertschaften hunn, awer dann net an der Lëscht ze fanne sinn, wat jo och logesch ass, well et an deem Sënn keng Uertschafte sinn.

Merci elo schonns fir den Äntwert.

--Pear 14:42, 23 Mäerz 2006 (UTC)

De Reckendall, do musse mer oppassen: ee klengen Deel gehéiert zur Stad Lëtzebuerg (cf. mäin Artikel Reckendall), an dee gréissten Deel gehéiert zu der Gemeng Stroossen, ass awer u sech keng Uertschaft (steet z.B. och net am Telefonsbuch, obwuel dat di lescht Quell ass, op déi ech mech géif verloossen :-/

De Mathgeshaff z.B. ass nëmmen 1 grousse Baurenhaff, deen ausserhalb vu Schieren läit. Een anert Beispill: de Schlammestee tëscht Alzeng a Fréiseng, deen zu der Gemeng Weiler-la-Tour gehéiert. Duerchewech sinn dat déi "Haiserusammlungen" déi eis Stroossebauverwaltung mat bloen oder wäissen Ortstafele rëscht.

Ech wier frou wann ech eng zousätzlech Kategorie hätt fir all di "Haiserusammlungen" déi keng "richteg" Uertschaft sinn, eleng aus deem Gedanken eraus fir och eng Lëscht vun all deenen hameaux ze hunn.

D'Fro ass effektiv just wéi mer di Kategorie sollen nennen (fr: hameaux, de: Weiler), mee d'Lëtzebuergescht ass do leider méi beschränkt. Ech iwwerleeë mol e bësschen ...

--Pear 15:16, 23 Mäerz 2006 (UTC)

Halli. Mat der Kat. "Lëtzebuerger Buergermeeschter" hu mer eng an der Eenzuel :-/ -->Buergermeeschteren. --Cornischong 20:02, 23 Mäerz 2006 (UTC)


Kanns de mer weg soen wéi ech kann méin Profil an alles wat ronderemgehéiert vun der lb-Wiki op déi däitsch, franséisch an englësch Wiki exportéiren kann, well alles 3 mol frësch schreiwen ass net sou cool. messi --DaffyDuck 17:04, 23 Mäerz 2006 (UTC) ______________________________

Zu eise Lëtzebuerger Dierfer: ech hu mer di Saach an der Referenztabell nach eng Kéier ugekuckt: béid Mémorialstexter, déi do ernimmt sinn, bezéien sech eenzeg an eleng op d'Ortographie; ech hat nämlech geduecht, di Texter géife festleeën, wat als Uertschaft hei zu Lëtzebuerg gëllt a wat net.

Domat huet de Probleem sech geléist, an ech huelen als Basis fir d'Lëscht vun den Uertschaften z'erweideren an ze kompletéiren der Kadasterverwaltung hir Lëscht vun den Uertschaften, ënner Berücksichtegung vun der lëtzebuerg Orthographie natierlech.

So mir just w.e.g. wourop ech nach oppasse muss: Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg an d'Kategorie Stad Lëtzebuerg, d'Stied an d'Kategorie Stied an ënner Ëmstänn och an d'Kategorie Gemengen, an "de Rescht" an d'Kategorie Uertschaften an ënner Ëmstänn och an d'Kategorie Gemeng?

Merci,

--Pear 07:59, 24 Mäerz 2006 (UTC)

Félicitatiounen fir d'Alexandra[Quelltext änneren]

Meng Félicitatiounen fir de neien Administrateur. Merci fir d'Këscht op der Säit Washington (D.C.) Op eng gudd Zesummenarbescht --ernmuhl 07:31, 5 Mäerz 2006 (UTC)

Déieren aus dem Krügerpark[Quelltext änneren]

Ech hu néischt dergéint, datts Du des Fotoen iwwerhëlls; ech hunn och nach aner Fotoen aus dem Krügerpark a setzen se och geleegentlech op d'Krügerpark-Säït. Da kanns Du déi och iwwerhuelen.--ernmuhl 12:00, 7 Mäerz 2006 (UTC)

Krügerpark[Quelltext änneren]

Wann et Dir nach net opgefall sollt sinn, ech hunn eng Partie Déieren zousätzlech an eng Gallery "Krügerpark" ropgelued, anerer (Pinguinen) fënns Du ënner Südafrika oder Kapstad. Gef mer nach deng email-adress, da kann ech Dir eng Lëscht schecken mat den Déieren an de Vullen, déi et am Krügerpark gët. Dat erliichtert d'Identifikatioun
A well ech Dech lo un der Strëpp hunn, wollt ech Dir signaléieren, dat Budapest, wéi et mer schengt, an der Këscht vun den Europäeschen Haaptstied feelt.--ernmuhl 19:16, 11 Mäerz 2006 (UTC)

Tounfichier[Quelltext änneren]

Merci fir d'Këscht fir Tounfichieren mam Haut-Parleur. Sou hat ech mir et virgestallt. --ernmuhl 14:49, 28 Mäerz 2006 (UTC)


Babel-Template lb[Quelltext änneren]

Alexandra, merci fir'd commentairen op meinem User talk. Ech haat nach eng fro: Wees du zoufälleg, firwaat et fir den "Babel-lb"- Template keen Niveau lb-3 gett? Fir also ze soen, dass een zwar gutt op Letzebuergeschn ka schreiwen, awer dass et eben net d'Mammesproch ass? Kuck mol op menger Usersäit. Dat schengt net ze funktionéiren....

--Buddhaah 17:28, 26 Mäerz 2006 (UTC)

Merci, Alexandra fir lb-3!

--Buddhaah 20:38, 26 Mäerz 2006 (UTC)

Mail do ;-) --Cornischong 20:55, 26 Mäerz 2006 (UTC)

The Four Freshmen[Quelltext änneren]

Moien Alexandra, Du hues nach e Schantgensschëld bei deem Artikel. De Cornischong hat mer emol en Text op meng Usersäit drop gesat. Ech weess net op s de dech wëlls drëm këmmeren, soss kann ech och versichen en z'iwwersetzen. Myriam 22:11, 28 Mäerz 2006 (UTC)

Myriam, erënner dech emol, wéi et zu deem Text op denger Diskussiounsssäit koum (dat ass och dokumentéiert), a schouster dem Alexandra dat elo net dohin. Mer kënne méngentwegen déi Molnet-Skizz läschen, a wann ech eng Kéier sollt Loscht drop an Zäit dofir hunn, wäert ech dropzréckkommen. --Cornischong 22:46, 28 Mäerz 2006 (UTC)

Naturschutzgebidder[Quelltext änneren]

Moien, Ech giff dat eng gutt Iddi fannen. De Moment hu mir hei zu Lëtzebuerg ëm déi 30 Steck, déi offiziell ausgewise sinn an et wäerten der nach eng Partie an der nächster Zäit beikommen. Op ee lo ëmmer e ganzen Artikel schreift, ass bei verschiddene schwéier vir un d'Informatiounen ze kommen awer en aleedende Saz ass ëmmer méiglech. Also rechen emol mat engen 30 Steck fir den Ament. Dofir kann ee schonns eng eege Kategorie opmaachen, mengen ech. Këmmerst Du dech drëms? --Tomateus 08:59, 29 Mäerz 2006 (UTC)

Ech giff d'Cornelysmillen nees aus der Lëscht eraus huelen, do dat Gebitt nach net offiziell (mat engem groussherzoglegem Reglement) als Naturschutzgebitt ausgewisen ass. --Tomateus 09:22, 29 Mäerz 2006 (UTC)

Halli. Well ech eng valabel Foto vu Ködnitz fonnt hunn, an gesinn hunn, datt s de dech an Tiroul erëmdreifs, hunn ech der se "einfach esou" mol eropgelueden ("Image:Kals Ködnitz.jpg"). Se gehéiert bei den Artikel iwwer d'Tirouler Gemeng "Kals am Großglockner" (de-Wiki). Gréiss mer d'Tirouler. --Cornischong 10:21, 29 Mäerz 2006 (UTC)

Musekinstrmentalistesches[Quelltext änneren]

Halli. Flott, flott eis Instrumentekëschten (an och nach a menger léifster Faarf). Just eppes klenges ze rëffelen. Kéint een net d'bekannte Museker draus erausloossen, well bei bestëmmten Instrumenter wäert dat e ganze Kazeschwanz ginn? Wat mengt d'Këschtefra? An dann nach eppes, dat mär "um Häerz" läit: Bei den Instrumenter wier et mer ganz, ganz léif, wa KENG Foto géif an d'Käescht kommen. Fir Kontrafagott oder Cembalo gëtt dat onméiglech. --Cornischong 15:53, 29 Mäerz 2006 (UTC)

Halli. Merci, dat ass et. Vergiess d'Alphorn awer net :-) --Cornischong 07:42, 30 Mäerz 2006 (UTC)

Well s Du Spezialistin vu Malta bass, wollt ech Dir soen, dass ech bei Malta e Fotosalbum bäigesat hunn. Wann s Du wëlls, kaan s Du déi eng oder déi aner Foto nach an den Artikel abauen. Ech iwwerloossen Dir dat. Ech hunn ausserdeem nach eng Krokusfoto fond a ropgelued "Krokus6.jpg" Du kanns se benotzen. --ernmuhl 17:24, 30 Mäerz 2006 (UTC)

Halli. Well d'Briséis bis haut den Owend "nach relativ agespaant" ass, erlaben ech mer alt der z'äntweren. Ma selbstverständlech däerfs du dat. :-) --Cornischong 06:32, 31 Mäerz 2006 (UTC)

Benotzersäit[Quelltext änneren]

Sali :-)

Ech hu gesinn dass du do schon e puer Iddien iwwerholl hues :-) Wanns de nach Froen zu eppes hues, einfach schreiwen. Ab muer ass dee gréisste Stress eriwwer hehe. --Briséisβρισεισ 07:59, 31 Mäerz 2006 (UTC)

Uergelmanufakturen[Quelltext änneren]

Halli. Mer missten eis eng afele loosse fir d' "Uergelmanufakturen" erëmfannen ze kënnen. Lo ass dat guer net gutt méiglech. Kat. Uergelmanufakturen, déi mer dann och an engem Portal an d'Vitrine setze kënnen. Merci.

Matzendran[Quelltext änneren]

Halli. Wéi solle mer dat maache mat den Uertschafts+floss-Nimm. Bei Frankfurt hu mer allerlee (F. um Main; F. am Main; F./Main) Lo hu mer "Brandenburg an der Havel". Bei Flossnimm wierkt dat sou richteg geckeg. Hale mer eis un den "Original"-Numm ("Brandenburg an der Havel") oder léiwer "Brandenburg un der Havel"? Gutt Fro, gell? --Cornischong 08:04, 2 Abrëll 2006 (UTC)

Insektefriesser[Quelltext änneren]

Missten net bei den "Insektefriesser" an der Lëscht d'Kéisecker --> Kéiseckeren sinn? --Cornischong 08:34, 3 Abrëll 2006 (UTC)

Ënner anerem bei "Ënnerfamill Stachelkéisecker (Erinaceinae)" --Cornischong 12:04, 3 Abrëll 2006 (UTC)

"bei der Ënnerfamill ass d'Méizuel besser. Ass scho geännert": Jo??
Ech fannen nach ëmmer: Ënnerfamill Ratekéisécker (Hylomyinae) an Ënnerfamill Stachelkéisecker (Erinaceinae) --Cornischong 23:50, 3 Abrëll 2006 (UTC)

Halli. Eng Cat fir eis weltberühmte Beem. Merci. (Ech hu mer elaabt, eng bei de Kënzeger Bam ze setzen). --Cornischong 20:00, 6 Abrëll 2006 (UTC)

Halli. Op de Preferenzen dees de gutt drun, d'Auerzäit unzepassen. Du fiers 2 Stonne nieft de Schinnen.  :-))

niewendrun[Quelltext änneren]

Halli. Firwat steet am Portal Iessen & Drénken an der Schabloun "Beruffer" den "änneren" nieft dem "Käch"?? (A wéi léist et sech drënner setzen?) --Cornischong 11:24, 11 Abrëll 2006 (UTC)

Kommunautéit[Quelltext änneren]

Merci :-) Ech hat mer geduecht, nodeems d'Haaptsäit ersat ginn ass, kéint een och de Modell vun der Franséischer Kommunautéitssäit "klaue" goen hehe :-) --Briséisβρισεισ 08:15, 12 Abrëll 2006 (UTC)

Aner Mieren[Quelltext änneren]

Moien. Vergiess bei der Definitioun d'Äerdmound-Mieren net. de:Liste der Maria des Erdmondes--Cornischong 08:09, 15 Abrëll 2006 (UTC)

Halli. Meng Artikelen hu schonns no der verlaangert. Just d'Uertschaften "an der" Picardie hunn e bësse komesch dragekuckt:-) (Normandie idem) --Cornischong 18:16, 12 Mee 2006 (UTC)

Halli. Wolls du bei den Universitéitsmeeschterschaften den "i" aus "téits ..." eraushuelen? Oder ass et där wéi mär gaangen?? No enger Verbesserung am Henckels-Artikel vu menger säit war den Artikel getéitscht. --Cornischong 10:46, 18 Mee 2006 (UTC)

"Haaptasazgebitt Schluechten" - An dobäi schreift nach e Komeschen "ass en zolidd Schaffpäerd". Schonn dem Jang dem Blannen säi Päerd hat et zu Crécy net einfach. --Cornischong 16:34, 22 Mee 2006 (UTC)

Op déi Manéier krut de Cornischong mol eng Kéier an der Wiki eppes ze grinsen. An dat ass seelen. --Cornischong 18:02, 22 Mee 2006 (UTC)

Ech hunn däin Opruff wuel gelies. Wéinst de ville Kloe géint mech a leschter Zäit loossen ech emol déi aner Leit vir :-) --Cornischong 18:09, 22 Mee 2006 (UTC)

Kategorien "Kino (Lëtzebuerg)" a "Lëtzebuerger Kinoen"[Quelltext änneren]

Salut Alexandra, geet et do net duer mat der Kategorie "Kino (Lëtzebuerg)" ? Fliedermaus 15:26, 23 Mee 2006 (UTC)

Den "EnCours"[Quelltext änneren]

Halli. Looss dech awer lo net vun Amokleefer bei dengem "Kuba"-Artikel bremsen! Déi nach ni e groussen Artikel geschriwwen hunn, kënne sech dat iwwerhaapt net virstellen, wat et heescht, deeglaang un eppes ze schreiwen! Schlëmm ginn déi Kommentaren awer wann ee vun den daperste Mataarbechter, dee vill mat "EnCours" geschafft huet, schonns eng Woch näischt méi schreift. Anscheinend stéiert dat d'Amokleefer awer guer net. --Cornischong 08:44, 24 Mee 2006 (UTC)

Bei eise Länner steet "Botswana" --Cornischong 12:07, 24 Mee 2006 (UTC)

Lo weess ech awer net wat s de mengs. Mail dat emol an de Büro. --Cornischong 13:38, 24 Mee 2006 (UTC)

Lännerfändelen[Quelltext änneren]

Salut Alexandra,

Ech hu gesinn dat eng ganz Reih Leit Templaten (=Modeller) gemaach hun mat den Nimm vun de Länner an engem klengen Fändel virdrun Bsp Kenia, wat häls du dovun fir all déi Modeller op enger Säit zesummenzefaassen fir ze verhenneren datt déi Aarbecht e puer Mol gemaach gëtt wëll een manner routinéierten Wikipedianer déi bestehend Modeller nët fënnt. Ech wees awer elo och nët wéi een esou eng Säit nennen sollt. Ech schloen awer emol vir se vun der Säit [2] ze verlinken. Wat ass deng Meenung dozou? -- Robby 22:45, 24 Mee 2006 (UTC)

Salut Alexandra, Ech hun deng Lëscht vun den Nationalfändelen gesin an dat geet an déi Richtung wéi ech dat gement hat. Ech hat awer eigentlech geduecht fir och éierens eng Lëscht mat den Templaten mat dene klenge Fändelen unzeléen, ech hun nämlech gesin datt eng ganz Reih User schon esou Templaten ugeluecht hun Beispiller: Ukrain,  USA an déi Templaten sin ëmmer nom Muster {{ABC}} dobäi besteet awer d'Schwierigkeet fir ze wëssen wéi bei denen Templaten dan elo z. Bsp. Simbabwe oder Bahrain ofgfekierzt gëtt. An den hiweis wou een dat fënnt géif ech eventuell op d'Säit Wikipedia:Nëtzliches siche goen an dofir dat och irgendwéi entweder op dàer Säit selwer oder eben mat engem Link op däer Säit maachen (wéi dat z. Bsp. bei den Navigatiounsläischten de Fall ass).

Ech hoffen et ass elo e bësen méi kloer (et gelengt mir nët wiki linken op déi Säiten anzebauen)-- Robby 14:35, 25 Mee 2006 (UTC)

Halli. "Lëscht vun den Templaten vun den Nationalfändelen". Steet do virum "v" en "n"? --Cornischong 10:45, 26 Mee 2006 (UTC)

D'Logik huet e Mail geschéckt. --Cornischong 10:11, 28 Mee 2006 (UTC)

Salut, Alexandra, Merci fir déi léif Nofro. Ech gi net mat op d'Iessen. Zaroff 22:07, 28 Mee 2006 (UTC)

Kategorientool[Quelltext änneren]

Salut Alexandra,

Ech hun um Internet folgende Site fonnt [3] an do ass een Tool drop deen et erlaabt déi eenzel Kategorien vun enger wiki ze analyséieren an ze gesin watfir eng Ennerkategorien et bei den Kategorien gëtt (klengt alles e bësse komplizéiert) mee kuck dir et einfach emol un. -- Robby 22:03, 31 Mee 2006 (UTC)

Luftikussereien[Quelltext änneren]

Halli. Gleefs de dem Luftikuss näischt? "Den n bleift um Enn vun engem Numm Beispiller: Den Här Bollen geet. A Kolumbien bléien d'Liljen. Zu Bieden reent et nees." Extrait aus Wikipedia:Eis Schreifweis "Eifeler Reegel". :-) --Cornischong 12:09, 5 Juni 2006 (UTC)

Uertschaften / Gemengen[Quelltext änneren]

Halli. Ier ech weider Amok lafe mat de franséische (bis op Amareins ?) Gemengen. Hale mer an dësem Fall d'Kategorie "Uertschaften a Rhône-Alpes" bäi?(oder Gemengen a ..) An: Mat oder ouni "Franséisch Gemengen"? Nëmmen zur Informatioun:Et ginn a Frankräich 36 679 Gemengen :-/ --Cornischong 08:45, 10 Juni 2006 (UTC)

Halli. Extra fir dech hunn ech de Ball "agefaangen". Ech hunn e ganz ënnen higeluecht. Placéier du e léiwer selwer (ech hale mech aus deenen Tabellereien eraus). --Cornischong 21:35, 13 Juni 2006 (UTC)

ISO Ofkierzungen vun de Länner[Quelltext änneren]

Salut Alexandra,

Bei de Lännerfändelen schreiws du wat d'Ofkierzungen ugeet: Si sollten all dem ISO - System ugepasst sinn. Awer watfir eng ISO-Lëscht méngs du? Et gett däer nämlech vill verschiddener an et wier och gudd éierens hinzeschreiwen datt mir déi Lëscht benotzen an wou een se fannen kann (mat engem Link) méngt zumindest de --Robby 18:47, 25 Juni 2006 (UTC)

Iessen an Drëps[Quelltext änneren]

Halli. D'Iessen ass e Freideg den 21 Juli an der Thillsmillen tëscht Mamer a Koplescht. Do hu mer (ausser wann et reent) eng gutt Geleënheet fir ze diskutéiren an ze trëppelen, well direkt nieft der Thillsmillen ass d'Drëps mat Baach, Bësch asw. Ech si mam Tomateus um halwer siwen do. Et wier flott wa géint siwen Auer déi meescht kéinte kommen. D'Iesse selwer ass um 8 Auer. Op déi Manéier hu mer e Spillraum, fir déi, déi net op d'Sekonn genee komme kënnen. Konfirméier mer nach ob dat der passt. --Cornischong 08:11, 15 Juli 2006 (UTC)

Formidabel. Exklusiv Gaudí Fotoen; besonnesch déi vum Salamander!! Looss se kommen.--Cornischong 09:22, 15 Juli 2006 (UTC)

Halli. Beim Park fänken awer d'Prblemer nees un!!! Déi horizontal Fotoe gesinn ech net. Kierz se just ëm e puer Pixel an dann ass jo alles an der Rei! Merci --Cornischong 09:26, 15 Juli 2006 (UTC)

Dee Problem ass jo nëmme bei de "Gallerien"! --Cornischong 09:28, 15 Juli 2006 (UTC)

Salut, Wanns de numm vum Bild verbesserst fir en besser op letzebuergesch ze hun dann ass d'Bild nit méh do géh mol kucken bei den Hary V Les Meloures 19:43, 17 Juli 2006 (UTC)

Boubrécken[Quelltext änneren]

Ech hunn gesinn du huess bei dén Boubrécken d'Categorie Brécken eraus geholl an an d'Baukonstruktiounen gesaat. Mengst du én Artikel iwer Boubrécken hätt neischt mat Brécken ze dinn. Les Meloures 21:58, 17 Juli 2006 (UTC)

Ech hun am Fong neischt dergént dass et mat Architektur ze dinn huet méh et huet och mat Brécken ze dinn an an enger Catégorie Brécken soll én alles fannen waat mat Brécken ze dinn huet . Wann mer eng kéier genug Artikeln vun Brécken hun mussen se souwisou nach Ënnerkatégorien kréien mat all all Kéeir der Erklärung vun dém Typ Bréck an engem Haaptartikel. Méh ech gesinn d'Letzebuerger hun do vill aaner Ménungen wee di grouss Wikisiten (däitsch, franséisch an english) mee mär waaren jo schon ëmmer anescht wéh di aner. Les Meloures 11:33, 18 Juli 2006 (UTC)

di leschten Zäit nach zevill[Quelltext änneren]

Moien Alexandra. Hief nach e bësse Gedold. E Freideg kënne mer an aller Rou dat Categoriegedeessems duerchpoteren. Net jidderee fënnt hei déi richteg Wierder a Mëssverständnesser si séier do. Ech hunn de Verdacht, wéi wa mer bal all dat selwecht gären hätten :-)) --Cornischong 11:13, 19 Juli 2006 (UTC)

Déck Bänn[Quelltext änneren]

Halli. Dat ass jo e richtegt englescht Wuert, also "Big Bands". --Cornischong 14:57, 19 Juli 2006 (UTC)

Astro-Saachen[Quelltext änneren]

Halli. Dat ass dat, wat ech bis elo e bësse gefaart hunn. Datt d'Astrologie eng Entrée joyeuse an d'Wikipedia hält. Dat kéint delikat ginn. --Cornischong 18:52, 19 Juli 2006 (UTC)

Ech wollt soen, datt dat en "ëmstriddent" Thema ass. Alt nees eppes fir e Freideg op den Teller. :-)) --Cornischong 18:57, 19 Juli 2006 (UTC)
Fuer awer roueg weider mat denge Stärenzeechen. Ech wollt dech net ënnerbriechen :-/ --Cornischong 19:00, 19 Juli 2006 (UTC)
Halli. Déi Saach met de Leit an hirem Stärenzeechen ka mech net begeeschteren; dat ass sou eppes wéi dat an der däitscher Wiki agarass huet. Mär kënnt dat vir wéi "Berühmte Leit mat engem Läinzeechen op hirem rietsen Aarschbak". --Cornischong 06:26, 20 Juli 2006 (UTC)
Ech schléisse mech dem Cornischong senge Bedenken un: Wann déi Leit, déi do als "Zeien" zitéiert ginn, iergendwous noweislech an onmëssverständlech matgedeelt hunn, dass si sech voll a ganz als e "Wo"/"Kriibs"/"Léifw"/Heesprénger" oder wat och ëmmer gesinn, an dass et hinnen auseruerdentlech wichteg ass, dass een dat muss wëssen (z.B. doduerch, dass se Éierepresident vun der "International Association of Worldwide Grashoppers" sinn/waren), da giff ech soen: à la limite kann een dat an deem Artikel opzielen. Soss ass dat esou empiresch, wéi wa me giffe Klasse vu Leit aféieren, déi op engem Donneschde gebuer sinn, wou et gereent huet, an deen am julianesche Kalenner ongrued war, déi mer da "Kaweechelchen", "Raséierapparat" oder "Biischtebënner" nennen...

--Zinneke 19:14, 23 Juli 2006 (UTC)

Bass du daat[Quelltext änneren]

Salut: nén ech sinn et Les Meloures 15:20, 23 Juli 2006 (UTC)

Categorien[Quelltext änneren]

Salut erëm,

De Cornischong huet gemëngt et wier gudd wann ech mech eng Kéier mat där wéinst de Cateogorien gief zesummesëtzen. Daat kann én awer schlecht um Netz maachen. Wéini gif et där passen fir eng kéier mol é Wuert doriwwer ze schwätzen Les Meloures 15:27, 23 Juli 2006 (UTC)

A wann se net nieft de Kapp komm sinn, da liewe se nach haut[Quelltext änneren]

"An dëser Kategorie fannt dir all Artikel zu den Weltkulturierfschaften an Europa deen et op der Lëtzebuerger Wikipedia ze liese gëtt." steet bei där Kategorie. An der "Category:Weltkulturierfschaften" steet e ganze Waggon voll!! Eng ganz duuss Fro niewebäi: Si mer nach net komplett matsch mat deem Kategoriegetriwwels?? --Cornischong 16:38, 25 Juli 2006 (UTC)

Categorie Zuid-Holland[Quelltext änneren]

Gudde Mëtteg,

Fro N°1 : Bleiwt déi esou bestouen oder gët se an Süd-Holland ëmgebaut.

Fro N° 2: Gët den Artikel zur Provënz Südholland oder Zuid-Holland genannt.

Merci fir eng Äntwert Les Meloures 12:05, 26 Juli 2006 (UTC)

Salutti Alexandra: wat ass "Gemach" an deem Artikel? -- Myriam 23:17, 26 Juli 2006 (UTC)

Category:Kichegeräter[Quelltext änneren]

Daat hei kéint mer zimmlich däitsch fir, gëtt ët de letzebuerger Ausdrock Kichegeschir nit méi Les Meloures 16:09, 28 Juli 2006 (UTC)

Bonsoir. ee Joer, vill Joren --Cornischong 21:30, 29 Juli 2006 (UTC)

Fluchhafen[Quelltext änneren]

Salut Alexandra,

pardon wann ech elo grad esou séier deng Artikelen nees geréckelt hun.

Mee kuck dir weg nach emol follgend Diskussioiunssäit un Talk:IATA FluchhafenIndex-A oder hues du mëttlerweil nei Erkenntnisser zu dem Thema freet de --Robby 23:06, 29 Juli 2006 (UTC)

Wikipedia:De Stamminet[Quelltext änneren]

Déi Kategorien sinn elo nit méi do Les Meloures 07:44, 31 Juli 2006 (UTC)