Der Name der Rose

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Film Der Name der Rose. Fir d'Buch vum Umberto Eco, kuckt wgl. Il nome della rosa.
Der Name der Rose
Film
Produktiounsland Italien / Frankräich / Däitschland
Produktiounsjoer 1986
Première 16. Oktober 1986
Dauer 126 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Englesch / Latäin
Ekipp
Regie Jean-Jacques Annaud
Dréibuch Umberto Eco
Andrew Birkin
Gérard Brach
Fotografie Tonino Delli Colli
Musek James Horner
Schnëtt Jane Seitz
Costumedesign Gabriella Pescucci
Produzent Bernd Eichinger
Produktiouns-
gesellschaft
Constantin Film,
France 3,
Rai,
ZDF
Schauspiller
Sean Connery als William vu Baskerville
F. Murray Abraham als Bernardo Gui
Christian Slater als Adson vu Melk
Michael Lonsdale als den Abt
Valentina Vargas als d'Meedchen
Feodor Chaliapin Jr. als Jorge de Burgos
Ron Perlman als Salvatore
Helmut Qualtinger als Remigio
Volker Prechtel als Malachia
Vernon Dobtcheff als Hugh of Newcastle
Peter Berling als Jean d'Anneaux
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Der Name der Rose ass e Film vum Jean-Jacques Annaud aus dem Joer 1986 mam Sean Connery a Christian Slater an den Haaptrollen.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Mir schreiwen d'Joer 1327 vun eiser Här. No engem mysteriéisen Doudesfall an enger Benediktiner- Abtei sinn d'Pateren iwwerzeegt, datt d'Apokalyps net wäit ewech ass. Well awer e Konzil an der Abtei usteet, wou den Abt (Michael Lonsdale) en Treffen tëscht enger Franziskaner- an enger Delegatioun vum Poopst arrangéiere soll, fir doriwwer ze schwätzen, wéi räich d'Kierch eigentlech däerf sinn, gëtt de Franziskanerpater William vu Baskerville (Sean Connery), erbäigeruff, fir bei der Opklärung vum Doudesfall ze hëllefen, éier den illustre Besuch ukënnt.

Mä ouni datt deen een Doud opgekläert gëtt, stierwen nach eng Partie aner Pateren e mysteriéisen Doud, an de William a säi jonken Noviz Adson vu Melk (Christian Slater) kommen engem Geheimnis vun der Abtei op d'Spur, wat dës léiwer verstoppe géif. Donieft kréie si och nach mat der helleger Inquisitioun ze dinn, a si hunn all Hänn voll ze dinn, fir dës vun der Onschold vu "Ketzer" z'iwwerzeegen.

Triviales[änneren | Quelltext änneren]

  • Den éischte Choix fir d'Roll vum William vu Baskerville war de Michael Caine.
  • D'Abtei am Film gouf extra gebaut, well de Jean-Jacques Annaud keng passend fonnt huet.

Zitater[änneren | Quelltext änneren]

William vu Baskerville: Adso, if I knew the answers to everything, I would be teaching theology in Paris.

  • Adson, wann ech d'Äntwert op alles hätt, géif ech zu Paräis Theologie ënneriichten.

Jorge de Burgos: Christ never laughed.
William vu Baskerville: Can we be so sure ?
Jorge de Burgos: There is nothing in the Scriptures to say that he did.
William vu Baskerville: And there's nothing in the Scriptures to say that he did not.

  • Christus huet ni gelaacht. - Kënne mir do sou sécher sinn? - An de Schrëfte steet net, datt Hie gelaacht hätt. - Et steet och näischt an de Schrëften, datt Hien net gelaacht hätt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]