Bierger-Center vun der Stad Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Vue op de Bierger Center an d'Stadhaus (riets)

De Bierger-Center vun der Stad Lëtzebuerg (offiziell: Centre d'accueil des citoyens) ass en administrative Service vun der Stad Lëtzebuerg an deem d'Bierger eng Rëtsch Verwaltungsugeleeënheeten erleedege kënnen.

Op enger an der selwechter Plaz kann ee sech z. B. op enger Adress an der Stad umellen oder ofmellen, d'Kanner fir an d'Schoul aschreiwen, sech an d'Wielerlëscht androe loossen, Park-Vignetten ufroen, säin Hond umellen, asw. Et kann een hei och verschidde Certificaten, Gebuerts- an Doudeschäiner ufroen[1].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Bierger-Center ass 2001 entstanen a war bis 2011 am Centre Émile-Hamilius ënnerbruecht. Provisoresch gouf en dunn op d'Nummer 26a vum Boulevard Royal verluecht, ier en duerno op déi aktuell Plaz, an de „Centre Guillaume-II“ um Knuedler verluecht gouf, wou en den 30. Juni 2014 ageweit gouf.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Centre Guillaume-II.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bierger-Center vun der Stad Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. „De Bierger Center... an d'Liewe gëtt einfach“ an Ons Stad, Nr. 68/2001, Supplement „ons stad info“, Säit II