Bretzelesonndeg
Bretzelesonndeg (oder Bratzelesonndeg) gëtt zu Lëtzebuerg och alt de Sonndeg vun Halleffaaschtesonndeg genannt, op deem traditionell Bretzele verschenkt ginn.
De Brauch[änneren]
Dëse Brauch besteet doranner, datt e Jong engem Meedchen, op dat en en A geworf huet, eng Bretzel schenkt. Bei géigesäitegem Intressi revanchéiert d'Meedche sech Ouschtere mat engem Ouschteree. Wann e Schaltjoer ass, ass et ëmgedréint.
Bis an d'Mëtt vum 20. Joerhonnert war de Brauch virun allem an den Dierfer laanscht d'Musel an d'Sauer verbreet, haut gëtt et iwwerall am Land Bretzelen ze kafen.
Fréier gouf et soss am Land och nach de Brauch, datt eng Koppel, déi sech am Laf vum Joer virdru bestuet hat, all deenen, déi bei der Hochzäitsfeier e Stéck vun der Braut hirer Jarretière erwëscht haten, op dësem Dag Bretzelen (déi Faaschteboune genannt goufen) huet misse schenken.
Literatur[änneren]
- Edmond de la Fontaine: Luxemburger Sitten und Bräuche. Luxemburg: Jos. Beffort, 1883. 5. Neioplo Editions Emile Borschette 1995, S. 39-40.