Buddleja davidii

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Buddleja davidii
Buddleja davidii

Buddleja davidii
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich: Planzeräich
Ofdeelung: Bléieplanzen
Klass: Rosopsida
Ënnerklass Asteridae
Uerdnung: Lamiales
Famill: Scrophulariaceae
Gattung: Buddleja
Aart: Buddleja davidii
Wëssenschaftlechen Numm
Buddleja davidii
Franch.“.

De Buddleja (och Buddleia oder Päiperlekstrausch; Buddleja davidii) ass en Trausch aus der Famill vun de Scrophulariaceae.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

De Buddleja wiisst als Trausch a ka bis zu 4 m héich ginn. En huet charakteristesch, filzeg horeg Äscht. D'Blieder si bis zu 25 cm laang a 7 cm breet, schmuel a lafe spatz no vir aus. Uewendrop si se donkelgréng, ënnendrënner gro-filzeg. Se wuessen zu zwee an zwee niefteneen.

D'mof Bléie wuessen a sougenannte Rispen, déi bis 30 cm laang kënne ginn. Si ginn am Juni op a richen no Hunneg. Insekte mat laange Rüsselen, wéi Päiperleken, ginn dovun ugezunn a bestäube se. Den 3 mm klengen, spounfërmege Som gëtt mam Wand verbreet.

De Buddleja davidii kënnt aus China an Tibet a gouf an Europa agefouert, fir a Gäert schéin ze maachen. En huet sech zanterhier och an der fräier Natur verbreet, besonnesch laanscht Eisen- an Autobunnen, Uferen oder op Broochen. En zielt deemno zu den invasiven Aarten oder den Neophyten.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Mario Ludwig, Harald Gebhard, Herbert W. Ludwig, Susanne Schmidt-Fischer: Neue Tiere & Pflanzen in der heimischen Natur - Einwandernde Arten erkennen und bestimmen, BLV Verlagsgesellschaft München, ISBN 3-405-15776-5
  • Bruno P. Kremer: Strauchgehölze Erkennen & bestimmen, Steinbachs Naturführer, 2002, ISBN 3-800-14275-9
Commons: Buddleja davidii – Biller, Videoen oder Audiodateien