Bujumbura
|
|
|
|---|---|
| Land | |
| Koordinaten: | 03° 22' 57" S 29° 21' 40" O |
| Awunner : | 300.000 geschaat (1996) |
Bujumbura ass d'Haaptstad vum ostafrikanesche Staat Burundi an hat 1996 ongeféier 300.000 Awunner. D'Stad läit um Tanganjikaséi an ass déi gréisste Stad vu Burundi a säi verwaltungstechnescht und wirtschaftlecht Zentrum.
[änneren] Geschicht
Bujumbura ass aus engem klengen Duerf erausgewuess, nodeems et 1889 e Militärposten am deemolegen Däitsch-Ostafrika gouf. Nom Zweete Weltkrich gouf et zum Verwaltungszentrum vum belsche Vëlkerbond-Mandat iwwer Ruanda-Urundi. D'Stad gouf vun Usumbura a Bujumbura ëmbenannt, wéi Burundi 1962 onofhängeg gouf.
Zënter der Onofhängegkeet war Bujumbura d'Plaz vu ville Kämpf tëscht den zwou gréissten ethnesche Gruppe vum Land, wobäi d'Hutu-Miliz géint d'Tutsi-dominéiert Arméi vu Burundi gekämpft huet.
[änneren] Economie
Bujumbura produzéiert ë.a. Zement, Textilien a Seef. D'Stad huet dee gréisste (Bannen-)Hafe vu Burundi a verschëfft iwwer den Tanganjikaséi e groussen Deel vum Haaptexportprodukt vum Land, Kaffi, grad esou wéi Bamwoll, Pelzer an Zënnerz.
[änneren] Um Spaweck
Abuja - Accra - Addis Abeba - Alger - Antananarivo - Asmara - Bamako - Bangui - Banjul - Bissau - Brazzaville - Bujumbura - Conakry - Dakar - Dar es Salaam - Dodoma - Dschibuti - Freetown - Gaborone - Harare - Kairo - Kampala - Kapstad - Khartum - Kigali - Kinshasa - Libreville - Lilongwe - Lomé - Luanda - Lusaka - Malabo - Maputo - Maseru - Mbabane - Mogadischu - Monrovia - Moroni - N'Djamena - Nairobi - Niamey - Nouakchott - Ouagadougou - Port Louis - Porto Novo - Praia - Pretoria - Rabat - São Tomé - Tripolis - Tunis - Victoria - Windhoek - Yamoussoukro - Yaoundé
| Commons: Bujumbura – Biller, Videoen oder Audiodateien |