Cécile Wagner

Vu Wikipedia
Cécile Wagner
Gebuer 4. September 1911
Diddeleng
Gestuerwen 14. Februar 2005
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Fraerechtler
Partei LSAP
Member vun Foyer de la Femme
Famill
Bestuet mat Nicolas Biever


D'Cécile Wagner, gebuer de 4. September 1911 zu Diddeleng, an do gestuerwen de 14. Februar 2005, war eng lëtzebuergesch Fraerechtlerin an LSAP-Politikerin.[1]

1965 gouf d'Cécile Wagner Presidentin vum Foyer de la femme a vum Office social vun der Gemeng Diddeleng. Si huet an den 1960er-Joren um Treffe vun der sozialistescher Fraeninternationaler deelgeholl.

1969 setzt si sech bei de Gemengewalen eng éischt Kéier fir d'LSAP zu Diddeleng op a gëtt an de Gemengerot gewielt. Tëscht 1970 an 1975 war si déi éischt weiblech Conseillère zu Diddeleng.

Si huet sech och bei de Femmes socialistes engagéiert a war am Comité vum Foyer de la femme.

Si gouf den 31. Mee 1930 mam Nicolas Biever bestuet.[2]

No hir genannt[änneren | Quelltext änneren]

Am Kader vum internationale Fraendag 2019 huet d'Gemeng Diddeleng am Quartier Lenkeschléi fënnef Stroossen an eng Plaz no Diddelenger Frae genannt, déi an hirer Zäit Virreiderinne waren a sech no hire politeschen, privaten oder berufflechen Iwwerzeegungen engagéiert hunn. Dorënner d'Place Cécile Biever-Wagner an Erënnerung un d'Cécile Wagner[3].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (fr)Les rues au féminin, Place Cécile Biever-Wagner - Sud. Les rues au féminin. Gekuckt de(n) 2024-04-27.
  2. (de)Lokalneuigkeiten. viewer.eluxemburgensia.lu 3. Escher Tageblatt (2. Juni 1930). Gekuckt de(n) 2024-04-27.
  3. Quell wou net anescht uginn: Anne Julie Heintz an der Literatur