CC 6500 (SNCF)
| CC 6500 | ||
|---|---|---|
| Nummeréierung: | 6501-6578 | |
| Stéckzuel: | 78 | |
| Constructeur: | Alstom | |
| Baujoren: | 1969–1975 | |
| Ausmusterung: | 2007 | |
| Achsformel: | Co'Co' | |
| Déngschtmass: | 118 Tonnen | |
| Längt iwwer Puffer: | 20.019 mm | |
| Héchstvitesse: | 160 km/h / 200 km/h | |
| Stroumsystemer: | 1,5kV Gläichstroum | |
| Leeschtung: | 5900kW | |
D'Lokomotiven aus der Serie CC 6500 sinn Elektroloke vun der SNCF déi tëscht 1969 an 1975 an enger Stéckzuel vun 78 Maschinne gebaut goufen.
[änneren] Allgemenges
- Wéinst där charakteristescher Form vun de Fënsteren an der Wölbung direkt dorënner, haten d'6500er séier de Spëtznumm Nez cassé, also gebrachen Nues. Deen Design hat sech de franséischen Designer Paul Arzens fir d'CC 40100 afale gelooss.
- Et gi 6500er a 4 verschiddene Livréeen: Bëtong, Fret, "Maurienne Gréng" an TEE.
- Bis 1976 gouf et op der Streck Chambéry - Modane keng Catenaire, mä eng drëtt Schinn. D'Maschinne mat den Nummeren 6539 bis 6559 waren dowéinst mat engem Schléifstéck equipéiert iwwer dat de Gläichstroum konnt opgeholl ginn.
[änneren] Historique
D'6500er si mat hire 5900 kW déi stäerkst elektresch Lokomotiven déi d'SNCF jee hat. Um Ufank vun hirer Carrière hunn d'6500er um Gläichstroumreseau vun der SNCF tëscht Paräis an dem Süde vu Frankräich operéiert. An den 1970er Jore waren dat d'Strecken op Lyon, Marseille, Toulouse a Bordeaux. Tëscht Paräis an Toulouse konnten d'6500er plazeweis mat 200 km/h fueren. Op de Strecken am Südwesten a Südoste kommen och 6500er an den Asaz, mä do gi se vun eelerem Material ënnerstëtzt.
Vun den 1980er Joren un, gëtt eng Streck fir héich Vitessen tëscht Paräis a Lyon gebaut, déi spéider bis Marseille verlängert gëtt. Op där fueren zënterhier nëmmen TGV. Wéi 1990 och tëscht Paräis a Bordeaux esou eng Streck gebaut gouf, goufen d'6500er ëmmer méi dacks mat TER Zich op mëttellaangen Distanzen agesat. Den Asaz vun TGV-Zich rentéiert sech op deenen Distanzen net. Nëmmen den Trafic iwwer Toulouse op Irun a Cerbère gouf deen Ablack haaptsächlech vu 6500er gedroen. Mam Bau vun de Serië 26000 a 7200 kommen d'6500er Enn vun den 1990er Joren an de Gidderberäich, eng Handvoll Maschinne kënnt op Lyon fir vrun den TER-Zich vun der Regioun Rhône-Alpes agesat ze ginn. Wéi 2007 d'Serie definitiv ausgemustert gouf, waren nach 4 Maschinnen ënnerwee. Haut existéieren nach 9 Maschinnen. Nëmmen d'Maschinn mat der Nummer 6570 ass nach asazbereet.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: SNCF Class CC 6500 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
