Carnival Cruise Lines
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Carnival Cruise Lines Inc. (CCL) ass d'Grënnungsgesellschaft an haut déi gréisst vun den haut zwielef Croisièresgesellschaften vun der Carnival Corporation & plc mat Gesellschaftssëtz zu Miami.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
Den Ted Arison, dee virdru Partner vum Knut Kloster a senger Norwegian Cruise Line war, huet 1972 d'Carnival Cruise Lines gegrënnt, fir unzefänken mat engem eenzele Schëff, der Mardi Gras (virdrun Empress of Canada), déi schonns bei hirer éischter Rees op Gond gelaf war, mä du reparéiert konnt ginn. Den Numm „Mardi Gras on the Rocks“ krut och e Coctail, dee lang op de Carnival-Schëffer servéiert gouf.
Dëse Réckschlag huet iewer net verhënnert datt dës Gesellschaft Erfolleg no Erfolleg buche konnt. 1984 huet Carnival mat enger Publizitéitscampagne, déi 10 Mio. USD kascht huet, an der Televisioun opgetrompt. Dräi Joer méi spéit huet se hir Aktien um fräie Maart ugebued. Carnival huet, am Cader vum Ausbau vun hiren Aktivitéiten, ëm 1988, d'Holland-America Line mat der Windstar Cruises fir 900 Mio. USD iwwerholl. 1991 huet se zousätzlech nach d'Seabourn Cruise Line AS abezunn.
Vun 1994 un gouf den Numm Carnival Cruise Lines dunn nëmmen fir d'Bezeechnung vu der Grënnungsgesellschaft benotzt. D' Haaptorganisatioun fir si an all déi zousätzlech incorporéiert Croisièresgesellschaften ass dunn ënner dem Numm Carnival Corporation gefouert ginn.
Ënner dem Numm Carnival Destiny ass 1996 dat éischt Passagéierschëff vu méi wéi 100.000 BRT agesat gi, e Schëff, dat méi grouss war wéi d'RMS Queen Elizabeth, déi vun 1940 un de Rekord als gréisste Passagéierschëff gehalen huet.
1998 huet d'Carnival Corporation dunn och nach déi italienesch Costa Crociere S. p. A., eng féirend europäesch Croisières-Linn, an och nach déi albekannte Cunard Line opkaaft. 2002 koum dunn nach d'P & O-Princess Cruises Ltd derbäi. An der Transaktioun waren d'Gesellschafte P & O Cruises, Princess Cruises, P & O Holiday, Swan Hellenic an déi däitsch P & O-Duechter AIDA Cruises enthalen.
Lëscht vun de Croisièresschëffer [änneren]
| Jahr | Name | Tonnage | Werft | Status/Wat aus em ginn ass |
| 1972 (1961) | Mardi Gras | 18.261 BRT | Vickers-Armstrong Ltd., Barrows | 1961 ex Empress of Canada, CP / 1972 an CCL / 1993 verkaaft |
| 1975 (1956) | Carnivale | 18.952 BRT | Fairfield S. B. & Eng. Co. Ltd., Glasgow | 1956 ex Empress of Britain, CP / 1975 an CCL / 1994 verkaaft |
| 1977 (1962) | Festivale | 26.632 BRT | John Brown & Co. Ltd., Clydebank | 1962 ex Transvaal Castle, Union-Castle / 1977 un CCL / 1994 verkaaft |
| 1981 | Tropicale | 22.919 BRT | Aalborg Vaerft AS, Aalborg | 2000 u Costa iwwerdro an a Costa Tropicale ëmbenannt. |
| 1985 | Holiday | 46.052 BRT | Aalborg Vaerft AS, Aalborg | Am Déngscht |
| 1986 | Jubilee | 47.262 BRT | Kockums AB, Malmö | 2004 u P & O Holiday iwwerdro an a Pacific Sun ëmgedeeft |
| 1987 | Celebration | 47.262 BRT | Kockums AB, Malmö | Am Déngscht |
| 1990 | Fantasy | 70.390 BRT | Kvaerner-Masa-Yards AB, Turku | Am Déngscht |
| 1991 | Ecstasy | 70.390 BRT | Kvaerner-Masa-Yards AB, Turku | Am Déngscht |
| 1993 | Sensation | 70.390 BRT | Kvaerner-Masa-Yards AB, Turku | Am Déngscht |
| 1994 | Fascination | 70.390 BRT | Kvaerner-Masa-Yards AB, Turku | Am Déngscht |
| 1995 | Imagination | 70.390 BRT | Kvaerner-Masa-Yards AB, Turku | Am Déngscht |
| 1996 | Inspiration | 70.390 BRT | Kvaerner-Masa-Yards AB, Turku | Am Déngscht |
| 1998 | Elation | 70.390 BRT | Kvaerner-Masa-Yards AB, Turku | Am Déngscht |
| 1998 | Paradise | 70.390 BRT | Kvaerner-Masa-Yards AB, Turku | Am Déngscht |
| 1996 | Carnival Destiny | 101.509 BRT | Fincantieri S.p.A., Monfalcone | Am Déngscht |
| 1999 | Carnival Triumph | 101.509 BRT | Fincantieri S.p.A., Monfalcone | Am Déngscht |
| 2000 | Carnival Victory | 101.509 BRT | Fincantieri S.p.A., Monfalcone | Am Déngscht |
| 2001 | Carnival Spirit | 85.920 BRT | Kvaerner-Masa-Yards AB, Turku | Am Déngscht |
| 2002 | Carnival Pride | 85.920 BRT | Kvaerner-Masa-Yards AB, Turku | Am Déngscht |
| 2003 | Carnival Legend | 85.920 BRT | Kvaerner-Masa-Yards AB, Turku | Am Déngscht |
| 2003 | Carnival Miracle | 85.920 BRT | Kvaerner-Masa-Yards AB, Turku | Am Déngscht |
| 2002 | Carnival Conquest | 110.239 BRT | Fincantieri S. p. A., Monfalcone | In Dienst |
| 2003 | Carnival Glory | 110.239 BRT | Fincantieri S. p. A., Monfalcone | Am Déngscht |
| 2004 | Carnival Valor | 110.239 BRT | Fincantieri S. p. A., Monfalcone | Am Déngscht |
| 2005 | Carnival Liberty | 110.239 BRT | Fincantieri S. p. A., Monfalcone | Am Déngscht |
| 2007 | Carnival Freedom | 110.239 BRT | Fincantieri S. p. A., Monfalcone | Am Déngscht |
| 2007 | Blu Carnival | 110.239 BRT | Fincantieri S. p. A., Monfalcone | Am Déngscht |
Quellen [änneren]
- Merian Extra - MS EUROPA - ISBN 3-7742-6613-1
- Ward, Douglas: Berlitz Complete Guide to Cruising & Cruise Ships 2006, ISBN 981-246-739-4
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Carnival Cruise Lines ships – Biller, Videoen oder Audiodateien |