Carrie Fisher

Vu Wikipedia
Carrie Fisher
Portrait vun 2013
Gebuertsnumm Carrie Frances Fisher
Gebuer 21. Oktober 1956
Burbank
Gestuerwen 27. Dezember 2016
Ronald Reagan UCLA Medical Center
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA
Educatioun Sarah Lawrence College,
Central School of Speech and Drama,
Beverly Hills High School
Aktivitéit Filmschauspiller, Romancier, Dramatiker, Synchronspriecher, Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Televisiounsschauspiller, Theaterschauspiller, Sänger, Pressespriecher, Filmproduzent, Schauspiller
Famill
Bestuet mat Paul Simon
Liewenspartner(in) Bryan Lourd, Paul Simon
Papp Eddie Fisher
Mamm Debbie Reynolds
Geschwëster Todd Fisher, Joely Fisher, Tricia Leigh Fisher
Kand Billie Lourd
D'Carrie Fisher op engem Iessen am Joer 1978

D'Carrie Fisher, gebuer den 21. Oktober 1956 zu Beverly Hills a gestuerwen de 27. Dezember 2016 zu Los Angeles, war eng US-amerikanesch Schauspillerin, déi virun allem fir hir Roll vun der Prinzessin Leia an der Star Wars-Serie bekannt ass.

Si hat hir éischt Filmroll 1975 a Shampoo. Hir nächst Roll, déi vun der Prizessin Leia, am Film Star Wars (1977) huet se mat 19 Joer weltberüümt gemaach. Si huet och an de Fortsetzunge vun der Serie matgespillt.

Si huet 1987 en autobiographescht Buch mam Titel Postcards From the Edge geschriwwen, an 2008 Wishful Drinking, an deene se hir Drogen-an Alkoholexzesser, eng komplizéiert Kandheet an den Ëmgang mam Fait, op eemol "Weltstar" ze sinn, thematiséiert huet.

D'Carrie Fisher war d'Duechter vun der Schauspillerin Debbie Reynolds (1932-2016) a vum Sänger Eddie Fisher (1928-2010). Si war 1983-1984 kuerz mam Sänger Paul Simon bestuet an hat ë. a. eng Bezéiung mam Bryan Lourd, mat deem s'eng Duechter d'Billie hat.

Si krut um Fluch vu London op Los Angeles en Häerzschlag an ass 4 Deeg drop, de 27. Dezember 2016, un de Suitten dovu gestuerwen. Deen Dag dono ass och hir Mamm Debbie Reynolds verscheet.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Carrie Fisher – Biller, Videoen oder Audiodateien