Centre de données astronomiques de Strasbourg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Centre de Données astronomiques de Strasbourg (CDS) ass en Institut zu Stroossbuerg, dat verschidden astronomesch Datebanken bedreift an iwwer den Internet weltwäit zougänglech mécht. Fréier war et ënnert der Bezeechnung Centre de Données Stellaires bekannt, de neie Numm spigelt dee vergréisserte, iwwer Stäre eraus, Aufgabenberäich erëm.

CDS bedreift ënner anerem d'SIMBAD-Datebank mat Eegeschaften a Literaturdonneeën zu Himmelsobjeten haaptsächlech an eiser Mëllechstrooss.

D'VizieR-Datebank am CDS bitt Astronomen en zentralen an homogenen Zougank zu ville Katalogen an Datesammlungen aus der astronomescher Literatur.

CDS ënnersteet dem Centre national de la recherche scientifique an ass am Observatoire Stroossbuerg, deen zu der Universitéit Stroossbuerg gehéiert.

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen