Observatoire vun Toulouse

Vu Wikipedia
Observatoire de Toulouse

Den Observatoire vun Toulouse ass e fréieren Observatoire zu Toulouse a Frankräich. E gouf 1733 vun der Académie des Sciences, Inscriptions et Belles-Lettres de Toulouse gegrënnt an am Joer 1841 am Staddeel Jolimont nei opgeriicht. D'Ariichtung dréit nach haut d'Bezeechnung Observatoire de Jolimont, a gouf 1875 mat engem deemools groussen Teleskop, engem 83 cm-Spigelteleskop ekipéiert. D'astronomesch Observatioune goufe vun 1908 un, wéinst de bessere Siichtverhältnesser, op de Pic du Midi verluecht an 1970 zu Toulouse ganz opginn. Den Observatoire ass 1981 an en neit Gebai um Campus vun der Universitéit Paul Sabatier am Staddeel Rangueil geplënnert a gehéiert mat weideren Ariichtungen, zanterhier zum Observatoire Midi-Pyrénées.[1] D'Ariichtung zu Jolimont gëtt zanter 1984 vun der Société d'Astronomie Populaire de Toulouse gefouert.[2]

Direktere waren ënner anerem de Félix Tisserand, vun 1873 bis 1878 an de Benjamin Baillaud vun 1879 bis 1908.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Astronomesch Observatoiren, Instituter an Installatiounen a Frankräich
Pic du Midi
Pic du Midi

Observatoiren: Bordeaux - Calern - Côte d'Azur - Haute-Provence - Juvisy-sur-Orge - Lyon - Les Makes - Marseille - Meudon - Nançay - Nice - Paräis - Pic du Midi de Bigorre - Des Pises - Sorbonne - Stroossbuerg - Midi-Pyrénées - Toulouse - Triel-sur-Seine

Centres de recherche, Laboratoiren an Instituter: Centre de recherche fir Geodynamik an Astrometrie - CLIMSO - Astrophysesche Centre de recherche vu Lyon - Astrophysescht Institut vu Paräis - Astrophysesche Laboratoire vu Grenoble - Centre de données astronomiques de Strasbourg - Versailles SQY

Aner Installatiounen: Interferometer um Plateau de Bure -Teleskop Bernard Lyot - Sonnenobservatiounstuerm vu Meudon

Kuckt och: Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Observatory of Toulouse auf speedylook.com
  2. Société d'Astronomie Populaire de Toulouse Gearchiveerd op 2009-06-07. Gekuckt de(n) 2011-11-26.