Charles Joseph Collart (1726-1812)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Dokter an Industrielle Charles Joseph Collart. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Charles Joseph Collart.
Charles Joseph Collart
Gebuer 15. Dezember 1726
Saint-Hubert
Gestuerwen 7. Mäerz 1812
Fëschbech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dokter
Famill
Kanner Charles Joseph Collart
Seng Grafplack um Kierfecht zu Fëschbech.

De Charles Joseph Collart, gebuer de 15. Dezember 1726[1] zu Saint-Hubert, a gestuerwen de 7. Mäerz 1812 zu Fëschbech[2], war e geléierten Dokter an Industriellen.[3]

Den 1. Oktober 1770 huet hie sech mat der Marie-Françoise de Donnea vu Léck bestuet.

De Charles Jospeh Collart huet 1777 d'Dummeldenger Schmelz opkaaft an ausgebaut. 1782 huet hien eng Géisserei op der Sauheid engem Lieu-dit tëscht Angleur an Embourg nieft dem Ourthe-Kanal, bei Léck, g'ierft.

Am Alter vu 77 Joer huet hien 1803 d'Schmelz vu Fëschbech vum Anton Ignaz Baron von Cassal und Bomal, dem leschten Här vu Fëschbech (1777 bis 1795) kaaft, mat all sengen Dependancen, dorënner de Bauerenhaff vu Kéideng, dat sougenannt Kéidenger Schlass an d'Pabeiersfabréck an d'Schmëdd zu Fëschbech, wou haut nach Reschter vun engem vun den éischten Héichiewen zu Lëtzebuerg ze gesi sinn. Zu den Dependancen huet och d'Fëschbecher Schlass gehéiert. D'Schmelze vun Dummeldeng a Fëschbech hu vun do un zesummegeschafft a Réieise vun Dummeldeng ass zu Fëschbech verschafft ginn.

1807 huet de Charles Joseph Collart de Beetebuerger Besëtz vun den Hohenzollern-Hechingen, Ierwe vun den de Zievel, ofkaaft an domat och d'Beetebuerger Schlass.

Den Dr. Collart ass de 7. Mäerz 1812 am Alter vu 85 Joer um Fëschbecher Schlass gestuerwen.

Seng véier Fissen hunn e bedeitend Verméige geierft. Den Hubert Joseph Collart (1773-1822) krut d'Schlass an d'Schmelz vu Fëschbech. De Jean Charles Joseph Collart (1775-1841) krut d'Schmelz an d'Schlass vun Dummeldeng. De Jean-Nicolas Collart (1777-1842) krut d'Schlass vu Schengen an den Auguste Collart (1782-1870) d'Schlass vu Beetebuerg.

De Charles Joseph Collart ass de Grousspapp vum Charles Joseph Collart an de Bridder Charles a Jules Collart.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Registres paroissiaux. Province du Luxembourg. Arrondissement de Marche et le canton de Saint-Hubert. (digital). search.arch.be. Gekuckt de(n) 2020-12-29.
  2. Charles Joseph Collart op GeneaNet
  3. D'Industrie vun der Famill Collart op industrie.lu