Crossroads

Vu Wikipedia

Crossroads ass eng lëtzebuergesch Bluesband, déi am Joer 2001 gegrënnt gouf. Bis 2010 huet d'Grupp ouni Drummer gespillt. Crossroads spillt engersäits eege Kompositiounen a manner bekannt Blues-Standarden a -Coveren. Zanter dem Joer 2015 huet Crossroads en akustesche Set am Programm.

Membere vu Crossroads (Stand 2017)[änneren | Quelltext änneren]

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 2002 - Let the Guitars do the Talking
  • 2012 - Second Chance
  • 2012 - Crossroads & Friends Live at l'Inouï 2011
  • 2017 - Crossroads

DVD/Blue-Ray[änneren | Quelltext änneren]

2017 huet Crossroads säin éischten DVD/Blue Ray erausbruecht iwwert e Live-Concert den 29. September 2016 an der Purple Lounge am Casino 2000 zu Munneref, op där dräi Museker als Spezialgäscht matspillen: Claude Schaus (Keyboard), Karine Touati (Gesank) an Irina Holzinger (Gesank). Zesumme mam Irina Holzinger ënnerhëlt Crossroads 2018 eng Promotiounstournée fir den DVD virzestellen.

  • 2017 - Crossroads: Live and Acoustic - 15th Anniversary Concert. Special guests: Claude Schaus (Keyboard), Karine Touati (Gesank), Irina Holzinger (Gesank). ISBN/GTIN: 2240102679485.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]