DKW Club Letzebuerg

Vu Wikipedia
En DKW 3=6, Baujoer 1955-56

Den DKW Club Letzebuerg ass e lëtzebuergeschen Autosclub, deen 1962 gegrënnt gouf. "DKW" am Numm vum Club steet fir Dampf Kraft Wagen a bezitt sech op déi fréier däitsch Autosmark.

Den Zweck war, zesumme bei automobil-sportlechen Evenementer wéi Courssen, Biergcourssen a Slalomen zu Lëtzebuerg matzemaachen, anerersäits awer och am Ausland bei DKW-Evenementer matzemaachen, wéi z. B. dem Internationale Silberschild-Rennen op der Avus zu Berlin. Et war zu deem Zäitpunkt also éischter eng Écurie.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De 6. Oktober 1962 hunn den Armand Eicher, Paul Hilger, Jean Nicolas, Robert Raus, Jean Thill, Raymond Thoma, Jean Weisgerber an Armand Wies den "DKW Club Luxembourg asbl" gegrënnt.[1]

De Club ass awer Mëtt den 1970er Joren entschlof, bedéngt doduerch, datt d'Wierk, d'Autounion, 1964 opgehalen huet, DKWen ze produzéieren, an de Marken-Numm Audi nees opliewe gelooss huet.

Um Autojumble 1999 zu Monnerech haten de Jean-Claude Muno an den Armand Dupont, allen zwee DKW-Fuerer, d'Iddi, een DKW Club ze grënnen. De Jean-Claude Muno huet dunn, no ville Recherchen a mat Hëllef vum Jos Wantz, erausfonnt, datt et 1962 schonn een DKW Club zu Lëtzebuerg gouf a sech d'1962er Statute besuergt. Encouragéiert vum Jean Godart, deemolege President vun der Lëtzebuerger Oldtimer-Federatioun (LOF), ass de Jean-Claude Muno drugangen d'Grënnungsmemberen opzesichen an de Club z'iwwerhuelen, elo awer als Oldtimer- a Sammlerclub.

Zanter 2000 gëtt et de Club nees. En huet zirka 25 Memberen, dorënner e puer Leit aus dem däitschen a belsche Grenzgebitt.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Memorial, Nr. 43, 1962