Desmond Llewelyn

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Desmond Llewelyn

Den Desmond Wilkinson Llewelyn, gebuer den 12. September 1914 zu Newport, a gestuerwen den 19. Dezember 1999, war e walisesche Schauspiller.

De Llewelyn gouf besonnesch wéinst senger Roll als Q an 18 James Bond-Filmer bekannt. Hien huet an deenen de Chef vun der Q-Abteilung vum britesche Geheimdéngscht MI6 gespillt, déi de Bond mit allerhand technesche Spillereien equipéiert huet.

Den Desmond Llewelyn, de Jong vun engem Kuelegrouweningenieur wollt ursprénglech Geeschtleche ginn. Op der Highschool huet en a munnechen Theaterstécker matgespillt an hien huet mat der Zäit dru Gefale fonnt.

No dem Zweete Weltkrich, an deem hien eng laang Zäit an engem däitsch Krichgefaangenelager verbruecht huet, ass hie weidergefuer mat senger Theatercarrière.

D'Bond-Filmer[änneren | Quelltext änneren]

1963 gouf de Llewelyn engagéiert fir am zweeten James Bond-Film From Russia with Love de Major Boothroyd ze spillen, besser bekannt als Q. Hien huet vun deem Moment un an alle Bond-Filmer (bis op den Live and Let Die) déiselwecht Roll gespillt. Den The World is Not Enough war säi leschten. Säin Nofolger gouf den John Cleese.

Den Desmond Llewelyn ass den 19. Dezember 1999 bei engem Autosaccident zu Firle am Ost Sussex ëm d'Liewe komm. Hie war um Heemwee vun enger Autogrammstonn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Desmond Llewelyn – Biller, Videoen oder Audiodateien