Drosera rotundifolia

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Drosera rotundifolia
Drosera rotundifolia

Drosera rotundifolia
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich: Planzeräich
Ofdeelung: Bléieplanzen
Klass: Rosopsida
Uerdnung: Caryophyllales
Famill: Droseraceae
Gattung: Drosera
Aart: Drosera rotundifolia
Wëssenschaftlechen Numm
Drosera rotundifolia
L.

D' Drosera rotundifolia ass eng Planzenaart vun der Famill vun den Droseraceae. Et ass dëst eng karnivor Planz, déi a Westeuropa sielen ass.

Inhaltsverzeechnes

Beschreiwung [änneren]

Et handelt sech ëm eng méijäreg Planz, déi sech aus enger sougenannter Wanterknosp (oder Hibernakel) entwéckelt an déi eng 5 bis 20 Zentimeter héich ka ginn. Si huet Blatstiller vun 1 bis 7 cm Längt, op deene ronnelzeg Blieder sinn, déi horizontal ausgestreckt sinn an en Duerchmiesser vun 0,5 bis 1,8 Zentimeter hunn. Op all Blat sëtzen eng 200 ganz reng roudelzeg Tentakelen, déi un hirer Spëtzt e pechecht Sekret ausscheeden, mat deem Insekte gefaange ginn (Moustiquen oder Mécken, geleeëntlech och alt méi grousser, wéi Päiperleken oder Libellen

Bléi [änneren]

D'Drosera rotundifolia blitt vu Juni bis August un enger bis zwou, bis zu 30 cm héijen, eesäitegen Drauwe mat bis zu 25 wäissen, knapps 1 cm groussen,Bléien, déi nëmmen opginn, wa genuch Sonn ass.

Fruucht a Som [änneren]

Den 1,5 mm laangen, spëndelfërmegen, brong-schwaarze Som gëtt a Kapsele produzéiert, an, well e kleng a liicht ass, meeschtens vum Wand verspreet.

An dësem Sekret sinn Enzymer, déi Eewäisser splécke kënnen a Seechomessesaier. Ass en Insekt gefaangen, beweegen sech d'Tentaékelen an d'Mëtt vum Blat. No enger 2 Stonnen rullt d'Blat sech zesummen, sou dass nach méi Verdauungsdrüsen a Kontakt mat der Beit komme kënnen. No e puer Deeg ass d' Verdauung eriwwer, an d'Blat gêtt nees flaach. Just de Chitinpanzer vun der Beit gëtt net verdaut.

Verbreedung [änneren]

D'Drosera rotundifolia kënnt bal iwwerall op der Nordhemisphär vir, vun Eurasien bis an Nordamerika, a bis erop an Alaska a Grönland. Si brauch eng sonneg Plaz, op naassem, liicht saierleche Buedem ouni Kallek a mat wéineg Nährstoffer. Moueren oder Fiichtgebitter sinn dofir gëeegent.

Soss [änneren]

Den Charles Darwin huet d'Karnivorie vun dëser Planzenaartr 1860 entdeckt an dëst Phänomen an de Joren dono erfuerscht. 1875koum säi Buch Insectivorous Plants eraus. Domatter war dem Carl von Linné säin Dogma, datt Karnivorie bei Planzen "géint déi gëttlech Uerdnung vun der der Natur" wier, widderluecht.

Literatur [änneren]

  • Darwin, Charles: Insectenfressende Pflanzen, Stuttgart, 1876
  • Diels, Ludwig: Droseraceae, in Engler, A. (Hrsg.): Pflanzenr. 4, 112 : 109, 1906
  • Barthlott, Wilhelm; Porembski, Stefan; Seine, Rüdiger; Theisen, Inge: Karnivoren, Stuttgart, 2004, ISBN 3-8001-4144-2
  • R. Düll/ H. Kutzelnigg: Taschenlexikon der Pflanzen Deutschlands. 7. Auflage, Quelle & Meyer-Verlag, 2011, ISBN 978-3-494-01424-1

Um Spaweck [änneren]

Commons: Drosera rotundifolia – Biller, Videoen oder Audiodateien