Edward Steichen Award Luxembourg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Edward Steichen Award Luxembourg ass e lëtzebuergesche Konschtpräis. Hie gouf 2004 zu Éiere vum Fotograf Edward Steichen an d'Liewe geruff an 2005 eng éischte Kéier verginn.
2011 gouf de Präis mam Edward Steichen Award Luxembourg Resident in NYC fir jonk Konschtschafender vu Lëtzebuerg erweidert, dee mat enger Residenz vun dräi Méint an der Konschtinstitutioun The International Studio & Curatorial Program zu New York City verbonnen ass.
[änneren] Laureate vum Edward Steichen Award Luxembourg
- 2005: Su-Mei Tse
- 2007: Etienne Boulanger
- 2009: Bertille Bak
- 2011: Maria Loboda
[änneren] Laureate vum Edward Steichen Award Luxembourg Resident in NYC
- 2011: Claudia Passeri