Egon Schiele: Tod und Mädchen

Vu Wikipedia
Egon Schiele: Tod und Mädchen
Film
Produktiounsland Éisträich
Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2016
Première 7. Oktober 2016
Dauer 110 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Daitsch
Ekipp
Regie Dieter Berner
Dréibuch Hilde Berger,
Dieter Berner
Fotografie Carsten Thiele
Musek André Dziezuk
Produzent Franz Novotny,
Alexander Glehr,
Bady Minck,
Alexander Dumreicher-Ivanceanu
Schauspiller
Noah Saavedra als Egon Schiele
Maresi Riegner als Gerti Schiele
Valerie Pachner als Wally Neuzil
Marie Jung als Edith Harms
Larissa Breidbach als Moa Mandu
Elisabeth Umlauft las Adele Harms
Thomas Schubert als Anton Peschka
Daniel Sträßer als Dom Osen
Cornelius Obonya als Gustav Klimt
André Jung als Riichter zu St. Pölten
Nina Proll als Varietédirektesch
Luc Feit als Arthur Roessler
Fanny Berner als Tatjana von Mossig
Wolfram Berger als Affekot
Michael Kreihsl als Dr. Haldenwang
Hilde Berger als Mamm Harms
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Egon Schiele: Tod und Mädchen ass e Film vum Regisseur Dieter Berner iwwer den éisträichesche Moler Egon Schiele. E baséiert um Buch vun der Hilde Berger mam selwechten Titel an ass eng éisträichesch-lëtzebuergesch Koproduktioun.

De Film hat seng Première de 26. September 2016 am Kader vum Zurich Film Festival. De 5. Oktober 2016 koum en an Éisträich eraus, de 17. November an Däitschland an den 30. November 2016 zu Lëtzebuerg.

Ëm wat geet et am Film[änneren | Quelltext änneren]

Am Film ginn d'Bezéiunge vum Moler Egon Schiele zu fënnef Fraen, déi eng wichteg Roll a sengem Liewe gespillt hunn, erzielt: nieft senger klenger Schwëster Gerti virun allem seng Frëndin Wally Neuzil, seng Fra Edith Harms a seng Schwéiesch Adele, souwéi d'Varieté-Dänzerin Moa Nahuimir....

Produktioun[änneren | Quelltext änneren]

De Lëtzebuerger Filmfong huet d'Produktioun vum Film mat 1.568.000 Euro ënnerstëtzt.[1]

De Film gouf 2015 zu Wien, an Nidderéisträich, zu Český Krumlov, zu Trieste an zu Lëtzebuerg am Kielener Filmland (Bannenopnamen) gedréint.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. filmfund.lu: Conseil d'administration décisions du 24 septembre 2014