Endoplasmatescht Retikulum
| Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dat endoplasmatescht Retikulum ass e System vun Membranen a Form vun Tuben an ofgeflaachte Säck bannent enger Zell, dat meeschtens déi ganz Zell duerchzitt. Et ass a Verbindung mat der Kärenvelopp an der Zellmembran. Den Interieur vun dësem System heescht Lumen an ass souwuel mam externe Milieu wéi mam perinukleare Raum a Verbindung. Et kann een tëscht granularem (rauem) an agranularem (glatem) endoplasmatesche Retikulum ënnerscheeden.
[änneren] Granulaart Retikulum
Ënnert engem Transmissiounselektronemikroskop observéiert, gesäit d'endoplasmatescht Reticulum rau aus well et mat Ribosomen iwwerséit ass. Dës synthetiséieren déi Proteinen déi sekretéiert ginn an déi transmembranéis sinn.
[änneren] Agranulaart Retikulum
Et ass eng Plaz wou Proteinen a Lipide stockéiert kënne ginn an et ass do wou Phospholipiden zesummegesat ginn.