Eric Lamhène

Vu Wikipedia
Eric Lamhène
Gebuer 1983
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur

Den Eric Lamhène, gebuer 1983, ass e lëtzebuergesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.

Hien huet 2010 säin Ofschloss op der London Film School gemaach.[1]

Zënterhier huet hie véier Kuerzfilmer (Stand: Dez. 2015) op Lëtzebuergesch gedréit: Lauschter (2010), Flou (2012), Gëff eens (2013) a Serena (2014).

Hien huet ausserdeem un der RTL-Sitcom Comeback matgeschriwwen an och bei véier Episode Regie gefouert. Mam Jacques Molitor huet hien d'Dréibuch vun deem sengem Spillfilm Mammejong geschriwwen. Hien ass och Co-Auteur, mam Thierry Faber a mam Christophe Wagner, vun der Telvisiounsserie Capitani.

Am Documentaireberäich huet hie puer Epsiode vun der Serie routwäissgro realisiéiert, sou wéi de Kuerzfilm Hotel Budapest (2016).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Iwwer den Eric Lamhène". op tele.rtl.lu.