Ferrara

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen


Ferrara
Wopen
Ferrara (Italien)
Ferrara
Land: Flag of Italy.svg Italien
Regioun: Regione-Emilia-Romagna-Stemma.png Emilia-Romagna
Provënz: Ferrara (FE)
Koordinaten: 44° 51′ N, 11° 38′ O44.84511.6327777777789Koordinaten: 44° 50′ 42″ N, 11° 37′ 58″ O
Fläch: 404 km²
Awunner: 131.842 (31. Dez. 2012)
Bevëlkerungsdicht: 326 Aw./km²
Héicht: 9 m
ISTAT-Nummer: 038008
Den Diamantepalais, ee vun de Symboler vu Ferrara

Ferrara ass eng eng italienesch Stad vu 133.266 Awunner (2007), déi am Po-Flaachland läit. Ferrara ass bekannt duerch seng vill schéi Gebaier aus der Renaissance-Zäit (z. B. d'Kathedral San Giorgio an de Palazzo Giulio d'Este). D'Stad Ferrara an de Po-Delta si vun der UNESCO op d'Lëscht vun der Weltierfschaft gesat ginn (1995, 1999).

Ferrara, d'Kathedral San Giorgio

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Ferrara ass wahrscheinlech als Siidlung duerch d'Awunner vun de Lagunen ëm d'Po-Mëndung gegrënnt ginn. Si gouf fir d'éischt an engem Dokument vum Aistulf vu 753 oder 754 ernimmt a war een Deel vum Exarchat Ravenna. No 984 gouf si verwalt vum Tedalda, Grof vu Modena a Canossa, engem Neveu vum Keeser Otto I. Duerno gouf Ferrara selbständig, an 1101, no enger Belagerung, vun der Markgräfin Matilda eruewert. Zu där Zäit gouf d'Stad vun engem Grupp vu bedäitenden Famillen dominéiert, dorënner och d'Adelardiën. Wéi de Guglielmo, de leschte vun den Adelardiën, gestuerwen ass goung säi Besëtz un den Azzolino d'Este iwwer. Vun do un hat d'Famill d'Este zu Ferrara d'Soen. Zu Ferrara erënnert villes u si.

1391 gouf d'Universitéit vu Ferrara gegrënnt. De Niccolò III. (1393-1441) huet puer Peepst mat groussem Pomp zu Ferrara empfaangen, ganz besonnësch den Eugen IV., deen do 1438 ee Konzil ofgehalen huet.

Ercole I. (1471-1505) huet e Krich géint Venedeg gefouert. Säi Fils Alfonso I. huet sech mam Lucretia Borgia bestuet an huet de Krich géint Venedeg mat Erfolleg virugefouert. 1509 gouf hien vum Poopst Julius II. exkommunizéiert an huet dunn och géint déi peepstlech Arméien Krich gefouert. Mat de Peepst, déi duerno koumen, huet den Alfonso Fridde geschloss. Säin Enkel, Alfonso II, gouf mam Barbara, enger Sëschter vum Keeser Maximilian II., bestuet. Ënner him huet Ferrara seng Glanzzäit erlieft. Villes ass vun der Este-Famill fir d'Konscht gemaach ginn. Well den Alfonso II. kee männlechen Ierwen hat, huet de Poopst Clemens III. Usproch op Ferrara erhuef. D'Stad ass dunn en Deel vum Kierchestat bliwwe bis et an d'Kinnekräich Italien integréiert gouf.

An der Kathedral

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • d'Kathedral San Giorgio
  • de Palazzo Giulio d'Este
  • den Diamantepalais
  • déi 9 Km laang Stadmaueren

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Birgit Emich: Territoriale Integration in der Frühen Neuzeit. Ferrara und der Kirchenstaat, Köln/Weimar/Wien : Böhlau 2005, 1178 S. ISBN 3-412-12705-1 (Habilitatioun Freiburg 2002)

De Castello Estense

Bekannt Perséinlechkeete vu Ferrara[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ferrara – Biller, Videoen oder Audiodateien