Michelangelo Antonioni

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Michelangelo Antonioni
Michelangelo Antonioni

De Michelangelo Antonioni war en italienesche Filmregisseur. Hien ass den 29. September 1912 zu Ferrara an Italien gebuer an den 30. Juli 2007 zu Roum gestuerwen.

Dem Antonioni seng Filmer L'aventura a La notte, zwéi schwaarz-wäiss Filmer, si bei de Filmkritiker héich gelueft ginn. Duerno huet e mat Il deserto rosso e Film gemeet, deen a wonnerbare Faarwe gedréint ass, obschonns en eng Welt weist déi emmer méi verknascht duerch d'Industrie an aner Aflëss.

Nom Succes vum Film Blow-Up huet hien an den USA de Film Zabriskie Point gedréint, dee bei de Kritiker a bei de Spectateuren duerchgefall ass.

Vun 1985 un ass den Antonioni deelweis gelähmt an e kann och net méi schwätzen duerch en Hireschlag. Staark behënnert huet hien duerno nach just Kuerzfilmer, a mat Hëllef vum Wim Wenders e Laangfilm gedréint.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Filmer

[Änneren] Laangfilmer

[Änneren] Kuerzfilmer

[Änneren] Auszeechnungen

[Änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools