Alida Valli

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Alida Valli, gebuer den 31. Mee 1921 zu Pola an Istrien, a gestuerwen den 22. Abrëll 2006 zu Roum, mam richtegen Numm Baroness Alida Maria Laura Altenburger von Marckenstein und Frauenberg, war eng italienesch Schauspillerin.

Hir éischt Rollen hat d'Alida scho mat 15 Joer a klenge Rolle beim italienesche Film. An de Joren drop gouf se déi beléiftsten a gefrotsten italienesch Schauspillerin, si hat esouguer de Spëtznumm "La Fidanzata d'Italia" (D'Fiancée vun Italien). D'Lidd "Ma l'amore no", dat se am Film "Stasera niente di nuovo" (1942) gesongen huet, war jorelaang en Hit. 1943 huet se an der däitsch-italienescher Coproduktion "I pagliacci" (Bajazzo) no der Oper von Leoncavallo matgespillt. Well se sech weder vun Nazidäitschland, nach vum faschisteschen Italie fir Propagandazwecker aspane loosse wollt, huet se bis d'Enn vum Krich keng Filmrolle méi ugeholl.

Nom Krich huet se duerch e Kontrakt mam Produzent David O. Selznick probéiert, nees an d'Filmgeschäft ze kommen. Mee eréischt eng Roll am Alfred Hitchcock sengem "The Paradine Case" (1947) an d'Haaptroll - nieft dem Orson Welles an dem Joseph Cotten - an der Graham-Greene-Verfilmung "The Third Man" (1949, Regie: Carol Reed) huet hir international zum Duerchbroch verhollef. Dono hat se zu Hollywood awer just nach méi kleng Rollen. 1951 ass se nees an Italien hannescht gaangen, wou se ënnert dem Luchino Visconti an dem Bernardo Bertolucci (Novecento) Filmer mat Succès gedréint huet.

Hir lescht Filmroll hat d'Alida Valli an "Semana Santa" (2002). Am Ganzen huet se a méi wéi 130 Kinofilmer an Tëleesproduktioune matgeschafft. Do dernieft hat si och am Theater gespillt, z.B. d'Gräfin Geschwitz am Frank Wedekind sengem Lulu an der Inszenierung vum Patrice Chéreau, oder a Stécker vum Gabriele D'Annunzio oder Henrik Ibsen.

[änneren] Filmographie (Auswiel)

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen