Novecento

Vu Wikipedia
Novecento
Film
Produktiounsland Italien
Frankräich
Däitschland
Produktiounsjoer 1976
Première 1976
Dauer 317 min
Faarf Faarweg
  Technicolor
Originalsprooch Italieenesch
(Englesch)
Ekipp
Regie Bernardo Bertolucci
Dréibuch Franco Arcalli
Bernardo Bertolucci
Giuseppe Bertolucci
Fotografie Vittorio Storaro
Musek Ennio Morricone
Giuseppe Verdi
Schnëtt Franco Arcalli
Produzent Albert R. Broccoli
Harry Saltzman
Produktiouns-
gesellschaft
Paramount Pictures
Schauspiller
Robert De Niro als Alfredo Berlinghieri
Gérard Depardieu als Olmo Dalcò
Dominique Sanda als Ada Fiastri Paulhan
Stefania Sandrelli als Anita Foschi
Laura Betti als Regina
Donald Sutherland als Attila
Burt Lancaster als de Grousspapp Berlinghieri
Sterling Hayden als Leo Dalcò
Werner Bruhns als Ottavio Berlinghieri
Romolo Valli als Giovanni Berlinghieri
Anna Maria Gherardi als Eleonora Berlinghieri
Roberto Maccanti als Olmo (Kand)
Paolo Pavesi als Alfredo (Kand)
Alida Valli als Ida Pioppi
Anna Henkel als Anita
Stefania Casini als Neve
Francesca Bertini als Schwëster Desolata
Ellen Schwiers: als Amelia
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Novecento ass en italieenesche Filmdrama vum Bernardo Bertolucci aus dem Joer 1976. Et ass e Monumentalfilm vun iwwer 5 Stonnen, deen exemplaresch unhand vun enger ambivalenter Frëndschaft tëscht dem Jong vun engem Bauerekniecht an deem vun engem Padrone (Besëtzer vu grousse Lännereien) d'Geschicht vun Italien an der éischter Hallschecht vum 20. Joerhonnert erzielt, an absënns am Kontext vum Opkommen an an der Zäit vum Faschismus.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Zwéi Bouwe kommen de selwechten Dag - den Doudesdag vum Giuseppe Verdi, de 27. Januar 1901 - an der Emilia-Romagna an Norditalien op d'Welt: Den Alfredo Berlinghieri, de Jong vum räiche Besëtzer vu Lännereien, an den Olmo Dalcò, deem säi Papp Kniecht beim Berlingheri ass. Hir Entwécklung, déi vun Ufank u virgi war - den Alfredo soll enges Daags den Haff iwwerhuelen, den Olmo do schaffen - gouf nom Éischte Weltkrich, vun den éischte Streike vun de Landaarbechter, an der Weltwirtschaftskris a Fro gestallt. Den Olmo engagéiert sech politesch als Sozialist, iwwerdeems den Alfredo e Bohémien gëtt, deen zwar dem Mussolini säi Faschismus, personifizéiert duerch de Gerant vum Haff, den Attila, a seng Freiesch Regina, veruecht, mee déi zwee awer gewäerde léisst...

Soss[änneren | Quelltext änneren]

De Film kann als Allegorie op d'gesellschaftlech a politesch Antagonisme gesi ginn, déi déi éischt Joerzéngte vum 20. Joerhonnert an Italie markéiert hunn. Souguer d'Joreszäite gi symbolesch agesat fir d'politesch Stëmmung z'ënnersträichen.

Novecento ass eng italieenesch Apheres a kann "1900" oder "20. Joerhonnert" bedeiten. Den international gebrauchten Titel 1900 vum Film féiert e bëssen an d'Ier, well de Film jo eréischt 1901 ufänkt, a bis Enn vun den 1940er Joren (mat engem Ausbléck an d'Géigewaart) geet, an deemno näischt mam Joer 1900 ze dinn huet.

Wéinst senger Längt gëtt e gewéinlech am Kino an zwéin Deeler gewisen.

Den De Niro als Alfredo an den Depardieu als Olmo.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Novecento – Biller, Videoen oder Audiodateien