Fréd Ternes

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Frédéric Ternes)
Fréd Ternes
Gebuer 7. Abrëll 1987
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch,
ICHEC Brussels Management School
Aktivitéit Beamten, Politiker

De Fréd (Frédéric) Ternes, gebuer de 7. Abrëll 1987 an der Stad Lëtzebuerg, ass e Lëtzebuerger Politiker a Staatsbeamten, dee bis 2023 um IFEN geschafft huet.

No senger Première am Kolléisch huet hien zu Bréissel studéiert, wou hien 2006 säi Masterofschloss an der Gestion d'entreprise um ICHEC gemaach huet.

Vun 2011 bis 2023 war hien zweete Schäffen an der Gemeng Nidderaanwen an zanter dem 5. Juli 2023 ass hien do Buergermeeschter[1].

Vun 2014 bis 2016 war hie Generalsekretär vun der CSJ. 2013 an 2018 war hie Kandidat am Bezierk Zentrum bei de Chamberwalen op der Lëscht vun der CSV. Hie war zanter 2017 Vizepresident vum interkommunale Syndikat Syrdall Schwemm an ass zanter 2023 President.

Hien ass bestuet a Papp vun 2 Kanner.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • E klengt Buch iwwer Gemengepolitik, 2021, Imprimerie Centrale, Lëtzebuerg, 112 S. ISBN 978-99959-0-680-1

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fréd Ternes: „Es wurde mir nicht immer einfach gemacht“. wort.lu [€], (28.06.2023). Gekuckt de(n) 9.12.2023.