Fran Drescher

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Fran Drescher

D'Francine Joy Drescher, gebuer den 30. September 1957 zu Flushing, Queens, New York City, ass eng US-amerikanesch Film- a Serieschauspillerin, Humoristin, Produzentin a Schrëftstellerin. Si war nominéiert fir den Emmy Award an de Golden Globe. Bekannt gouf si duerch d'Serie The Nanny.

[änneren] Biographie

D'Fran Drescher gouf 1957 zu an der Stad New York als zweet Meedche vun Elteren mat russesche, jiddeschen an italieneschen Originë gebuer. Si ass mat hirer méi aler Schwëster am Quartier Queens opgewuess an ass op d'Hillcrest Highschool a Jamaica, New York, gaangen. Do huet si och hirespéidere Mann Peter Marc Jacobson kennegeléiert. 1975 huet si hiren Ofschloss gemaach an duerno op de Queens College Schauspillerei studéiere gaangen. Wëll si niewelaanscht och op eng Kosmetikschoul gaangen ass, huet se net laang duerno hiren eegene Coiffeurssalon opgemaach. Si ass reegelméisseg op Filmcastinge gaangen, mee ouni grousse Succès bis 1977, wou se eng kleng Roll niewent dem John Travolta a Saturday Night Fever ugebueden krut. D'Joer drop krut se hir éischt grouss Roll am Film American hot wax mam Jay Leno. Wéinst hirer Carrière als Schauspillerin ass se kuerz drop op Los Angeles geplënnert, wou se se sech mam Peter Marc Jacobson bestuet huet.

Duerno huet d'Fran Drescher nach a villen Tëleesfilmer matgemaach, ënner anerem an This is Spinal Tap (1984) an UHF (1989), bis se 1993 mat hirem Mann d'Serie The Nanny crééiert huet, déi bis 1999 um Sender CBS gelaf ass. Dobäi handelt et sech ëm eng Sitcom, an där d'Haaptroll déi vun engem opgedréinte Kannermeedchen ass, dat mat onkonventionelle Methoden engem britesche Broadwayproduzent seng dräi Kanner erzitt. D'Fran Drescher huet an där Serie net nëmmen d'Haaptroll gespillt, mee war och als Produzentin an als Dréibuchauteurin aktiv.

The Nanny huet d'Fran Drescher zu engem Star gemach, an sou huet si och nach a villen anere Filmer matgespillt a war dacks an Talkshowen invitéiert. Hir Autobiographie Enter Whining vun 1995 hat ee gewësse Succès, an 1996 gouf se vum People magazine ënnert eng vun deenen fofzeg schéinste Persounen op der Welt gewielt.

Nom Enn vun The Nanny war d'Fran Drescher nach an e puer anere Filmer ze gesinn, zum Beispill am Joer 2000 am Picking Up the Pieces mam Woody Allen. Am selwechten Joer gouf beim Fran Drescher Gebärmutterkriibs diagnostizéiert, mee well e schonn am éischte Stadium erkannt ginn ass, huet se net missen duerch eng Chimiotherapie goen. Iwwert dës Erfahrung huet se an hirem zweete Buch, Cancer Schmancer, geschriwwen. 2007 huet se eng karitativ Organisatioun mam selwechten Numm gegrënnt, déi als Zil huet, datt Kriibs bei Fraen éischter entdeckt gëtt.

2005 war d'Fran Drescher erëm an der Fernsehserie Living with Fran um Sender The WB ze gesinn, déi awer no zwou Staffelen erëm ofgesat gouf. Zënterhir hat se vill Gaaschtrollen a bekannte Serien, ewéi Law & Order: Criminal Intent, Good Morning, Miami, The Simpsons, …

[änneren] Filmographie

D'Fran Drescher mam Bill Clinton um Life Ball 2009 zu Wien
  • Filmer
    • Saturday Night Fever (1977)
    • American Hot Wax (1978)
    • Gorp (1980)
    • The Hollywood Knights (1980)
    • Ragtime (1981)
    • Doctor Detroit (1983)
    • The Rosebud Beach Hotel (1984)
    • This Is Spinal Tap (1984)
    • Young Lust (1984)
    • Big (1988)
    • It Had to Be You (1989)
    • UHF (1989)
    • The Big Picture (1989)
    • Wedding Band (1990)
    • Cadillac Man (1990)
    • We're Talking Serious Money (1992)
    • Car 54, Where Are You? (1994)
    • Jack (1996)
    • The Beautician and the Beast (1997)
    • Kid Quick (2000) (Kuerzfilm)
    • Picking Up the Pieces (2000)
    • Beautiful Girl (2003)
    • Santa's Slay (2005)
    • Shark Bait (2007)
  • Televisioun
    • Summer Of Fear, och nach bekannt als Stranger In Our House (1978)
    • Fame (1. Episod: Metamorphosis) (1982)
    • Charmed Lives (1986) (no 4 Méint erëm ofgesat)
    • Rock 'n' Roll Mom (1988)
    • What's Alan Watching? (1989)
    • Love and Betrayal (1989)
    • Princesses (1991) (no 7 Episoden erëm ofgesat)
    • Without Warning: Terror in the Towers (1993)
    • The Nanny als Fran Fine (1993-1999)
    • The Nanny Christmas Special: Oy to the World (1995) (nëmmen als Stëmm)
    • Strong Medicine (2004)
    • Living with Fran als Fran Reeves (2005-2006)
    • What I Like About You (1 Episod) (2005)
    • The Simpsons (1 Episod: Treehouse of Horror XVII) (2006)
    • Law & Order: Criminal Intent (1 Episod: The War at Home) (2006)
    • Thank God You're Here (2007)
    • Entourage (2008)

[änneren] Linken & Sourcen


Commons: Fran Drescher – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen