Geminos vu Rhodos
De Geminos vu Rhodos, gestuerwen am 1. Joerhonnert v. Chr. zu Rhodos, a laténgescher Form Geminus, war e griicheschen Astronom, Stoiker a Mathematiker.
De Geminos war Schüler vum Poseidonios. Hien hat ëm 70 v. Chr. zu Roum gelieft, an hat do d'Eisagoge eis ta phainomena (iwwersat: „Aféierung an d'Phenomeenen“) geschriwwen, eng fir seng Zäit enorm Leeschtung iwwert d'Astronomie.
De Geminos hat schonns zu senger Zäit ugeholl, datt d'Fixstäre sech op verschiddenen Distanzen vun eis befannen. Méiglecherweis staamt de Mechanismus vun Antikythera aus der Hand vum Geminos. Vum Geminos staamt och déi éischt Umierkung vun engem Äerdglobus: Hien hat op de Krates vu Mallos verwisen, deen e Globus entworf hat (vgl. Vogel (1995), S. 82).
Et gouf weider een op mannst sechsbändegt Wierk zum mathemateschen Denken. D'Wierk ass nëmmen aus Zitate bekannt. Et gëtt awer och arabesche Deeliwwersetzungen.
De Moundkrater Geminus ass no him genannt.
Literatur [änneren]
- (en) Geminos: Introduction to the Phenomena ("Einführung in die Phänomene"), 2006 ISBN 0-691-12339-X
- Paul Kroh: Lexikon der antiken Autoren, Stuttgart 1972, S. 240
- PDF-Datei von Manitius' Ausgabe von Geminus' Eisagoge eis ta phainomena ("Isagoge") - public domain (Griicheschen Text mat däitscher Iwwersetzung)