George William Hill
Den George William Hill, gebuer den 3. Mäerz 1838 zu New York a gestuerwen de 16. Abrëll 1914 zu West Nyack bei New York war en US-amerikaneschen Astronom a Mathematiker, deem seng Methode fir d'Bunnberechnunge bis haut gebraucht ginn. Hie war mat sengen Aarbechten iwwer Bunnstéierunge fir den Dräikierperproblem dee bedeitendsten theoreteschen Astronom vu senger Zäit.
Den Hill huet 1859 säi Studium op der Rutgers Universéit ofgeschloss. Vu 1861 u schafft hien am Nautical Almanac-Office zu Massachusetts. Do beschäftegt hie sech intensiv mat der Moundbunn-Theorie an entwéckelt mathematesch Methode fir d'Léisung vum Dräikierperproblem - besonnesch seng Differentialequatioun. Fir d'Planéitebunnen ëm d'Sonn a fir d'astronomesch Joerbicher méi genee virausrechnen ze kënnen, huet hien och zu Léisunge vum Méikierperproblem bäigedroen.
An de Joren 1894–1896 war hie President vun der American Mathematical Society. Tëschent 1887 an 1910 krut hien en etlech wëssenschaftlech Präisser an England an a Frankräich (1887 Goldmedail vun der Royal Astronomical Society) a gouf ëm 1910 a verschidde kinneklech Akademien opgeholl – ënner anerem an déi vun Edinburgh, déi Belsch, d'Italien an déi vu Schweden.
No him ass och d'Hill-Sphär, d'Differentialequatioun vum Hill, den Asteroid (1642) Hill souwie de Moundkrater Hill genannt.