Gerrie Knetemann

Vu Wikipedia
Gerrie Knetemann
Gebuer 6. Mäerz 1951
Amsterdam
Gestuerwen 2. November 2004
Bergen
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Holland
Aktivitéit Vëlossportler
Famill
Kanner Roxane Knetemann
De Gerrie Knetemann (1976)

De Gerrie Knetemann, gebuer de 6. Mäerz 1951 zu Amsterdam, a gestuerwen den 2. November 2004, war e professionellen hollännesche Vëlossportler, a Weltmeeschter am Cyclissem op der Strooss.

Hien huet seng Profiscarrière 1974 bei der Ekipp GAN-Mercier ugefaangen. Vun 1977 bis 1982 ass hie fir d'Ekipp TI-RALEIGH gefuer. Duerno war hien eng Zäit laang Selectionneur fir déi Hollännesch Nationalekipp.

Bei enger Vëlossortie mat Kolleegen, zu Bergen gouf et him um Vëlo schlecht, an hien ass un engem Häerzschlag gestuerwen.

Um Tour de France hat hien 10 Etappe gewonnen, an néng CLM an der Ekipp.

A senger Carrière war hien eng Kéier positiv op Ephedrine kontrolléiert ginn, an zwar am Critérium du Dauphiné libéré 1974.

De Gerrie Knetemann war bestuet a Papp vun engem Bouf an zwee Meedercher.

Him zu Éiere krut eng hollännesch Vëlosscourse den Numm Grote Prijs Gerrie Knetemann, an zanter 2006 gëtt fir Cyclotouristen de Gerrie Knetemann Classic an Nordholland organiséiert.

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

1974[änneren | Quelltext änneren]

1976[änneren | Quelltext änneren]

1977[änneren | Quelltext änneren]

1978[änneren | Quelltext änneren]

1980[änneren | Quelltext änneren]

1982[änneren | Quelltext änneren]

1983[änneren | Quelltext änneren]

1985[änneren | Quelltext änneren]

1986[änneren | Quelltext änneren]