Giwenech

Vu Wikipedia
Giwenech
Giwenich
Vue op Giwenech
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Givenich
de: Givenich
Land Lëtzebuerg
Kanton Iechternach
Gemeng Rouspert-Mompech
Buergermeeschter Stéphanie Weydert
Awunner 89[1]
  02.01.2018
Koordinaten 49° 44’ 53’’ N
      06° 28’ 46’’ O


Giwenech (lokal: Giwenich[2]) ass eng Uertschaft aus der Gemeng Rouspert-Mompech.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Giwenech läit op enger Héicht vun 300 – 310 m, zirka 1 km südëstlech vu Mompech an zirka 1,4 km nordwestlech vu Méischdref. Et ass mat deenen zwou Uertschaften iwwer den CR135 verbonnen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm "Giwenech" geet op dat gallo-réimescht Gaviniacus zeréck, deemno dem Gavinius säi Besëtz. Griewer, déi tëscht 1840 an 1946 ausgegruewe goufen, loossen drop schléissen, datt et hei zu der Zäit vun de Merowenger oder Karolenger eng Siidlung gouf. Am 12. Joerhonnert war et en Duerf mat 13 Häff an enger Kierch[3].

Am 13. Joerhonnert ass d'Uertschaft dunn, duerch Pescht oder Krich, ausgestuerwen, a gouf eréischt nees am 16. Joerhonnert nei bewunnt, ufanks war do just en Haff. Dëse goung ëm 1830 an de Besëtz vun enger Famill Theisen iwwer, deenen hir Nokommen en 1892 dem Lëtzebuerger Staat vermaacht hunn, mat der Oplo, eng Institutioun vun ëffentlechem Notzen draus ze maachen.

Zanter 1939 ass doran de Prisong vu Giwenech.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Giwenech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Nombre d'habitants au 02.01.2018" op rosportmompach.lu. Archivéiert op 2018-04-30. Gekuckt de(n) 2018-01-16.
  2. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert op 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
  3. Quell vun dësem Kapitel, wou net anescht uginn: Mayer, Christina, 2010, Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Band 1: Kanton Echternach. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, ISBN 978-2-495-15120-7, S.394.