Glucid

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Chem template.svg Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

Glucide sinn organesch Molekülen, déi bal ausschléisslech aus Kuelestoff (C), Waasserstoff (H) a Sauerstoff (O) bestinn. Well ganz vill Glucide kënne mat der Formel Cn(H2O)n (n= 3,4,5,...) beschriwwe ginn, gi se nach dacks als Kuelenhydrater bezeechent. Eng Rëtsch Kuelenhydrater hunn e séisse Goût, dofir gi s'och nach Zockere genannt.

Chemesch gesinn handelt et sech em Polyhydroxyaldehyden (Aldosen, HOCH2-(CHOH)n-CHO) an Polyhydroxyketonen (Ketosen, HOCH2-(CHOH)n'-CO-CH2OH) esouwéi ëm Oligomer a Polymerer vun dësen. Esou kënnt et datt ee Monosacchariden, Oligosacchariden a Polysacchariden ënnerscheet.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Chimie vun de Gluciden

[änneren] Monosacchariden

[änneren] Oligosacchariden

[änneren] Polysacchariden

[änneren] Gluciden an der Ernierung

Glucide sinn nieft de Lipiden an de Proteinnen di wichtegst Nierstoffer vum Mënsch. Si ginn aus dem Kuelestoff, Waasser- a Sauerstoff duerch Photosynthes, an de Planze mat Hëllef vu Sonnenenergie a Chlorophyll gebilt.

Zu de Gluciden zielen all d'Zocker- a Steifaarten genee esou wéi bal all d'Balaststoffer. Déi deeglech Energiezoufuhr soll tëscht 50 a 60 % aus Kuelenhydrate bestoen, läit awer an den Industrielänner nëmme bei 40 - 45 %. De gréissten Deel vun dëser Energiezoufuhr soll aus stäerkt- a ballaststoffräicher Nahrung bestoen. Dëst sinn z.B. Geméis, Uebst a Käreprodukter, well si ausserdem och nach vill Vitaminnen a Mineralstoffer hunn.

Liewensmëttel déi haaptsächlech aus Haushaltszocker oder wäisse Mielprodukter bestinn, solle wa méiglech gemidde ginn. Si hu praktesch keng Vitaminnen, Ballaststoffer oder Mineralstoffer.

Fir de Kierper si s'an éischter Linn Energieliwweranten. Si kommen awer och an de Schanken an am Bindegewief vir, an dat a Form vu Schläimstoffer am mënschlechen Organismus.

D'Opsplécke vun der Steif fänkt schonn am Mond un. D'Haaptverdauung ass awer eréischt am Daarm.

D'Opnahm vu Gluciden erhéicht kuerzfristeg de Bluttzockerspigel, woubäi awer en Ënnerscheed besteet, deemno wat fir eng Zockeren et sinn. D'Glukos an d'Galaktos ginn zum Beispill ganz séier vum Dënndaarm opgeholl, esou, datt de Bluttzockerspigel ganz séier an d'Luucht geet, bei der Fruktos ass awer genee de Géigendeel de Fall.

De Bluttzockerspigel geet op säin Ausgangsniveau zréck soubal d'Kierperzellen d'Glukos opgeholl hunn.

Commons: Kuelenhydrater – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen