Goût
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Goût als Geschmaachssënn. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Goût (Homonymie). |
De Goût, och nach Geschmaachssënn genannt, ass e chemesche Sënn, deen der Kontroll vun de Liewensmëttel déngt, déi een opgeholl huet. Batteren a saure Goût kann en Hiweis op gëfteg oder verduerwe Liewensmëttel sinn. D'Geschmaachsqualitéite séiss, umami a salzeg kennzeechnen nierstoffräich Liewensmëttel. Aus deem Grond sinn d'Geschmaachsorganer ëmmer a Kierperdeeler ze fannen, déi beim Iessen agesat ginn.
De Sënnesandrock, dee gewéinlech als Geschmaach bezeechent gëtt, ass en Zesummespill vu Geschmaachssënn, Gerochssënn an Taaschtsënn kombinéiert mat Temperaturinformatiounen aus dem Mond.
[änneren] Geschmaachsqualitéiten
| Qualitéit | Funktioun | Beispiller vu Liewensmëttel |
|---|---|---|
| batter | Schutz viru gëfteg Planzen (Alkaloiden) | Brockelcher, Béier |
| fetteg [1] | Hiweis op eng Energiequell | Botter, Ueleg |
| séiss [2] | Hiweis op eng Energiequell, déi séier disponibel ass | Zocker |
| salzeg | Hiweis op eng Quell vu Mineralstoffer | Salz |
| sauer | Hiweis op eng Quell vu Vitaminnen | Uebst (Zitroun, Apel, ...) |
| umami [3] | Hiweis op eng Quell vu Proteinnen | Fleesch, Fësch, Kéis |
[änneren] Notten
- ↑ D'Rezepteren op der Zong fir d'Geschmaachsqualitéit fetteg goufen eréischt 2005 entdeckt.
- ↑ 2008 goufe Rezeptere fir d'Geschmaachsqualitéit séiss am Dënndaarm fonnt. Hir Funktioun ass bis ewell nach net bekannt.
- ↑ D'Rezepteren op der Zong fir d'Geschmaachsqualitéit umami, wat op japanesch "wat gutt schmaacht" bedeit, goufen 1912 entdeckt.