Gréiwels

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Gréiwels (Wal))
Dës Säit beschäftegt sech mat der Uertschaft Gréiwels. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Gréiwels (Homonymie).
Gréiwels
D'Haaptstrooss zu Gréiwels (2015)
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Grevels
de: Grevels
Land Lëtzebuerg
Kanton Réiden
Gemeng Groussbus-Wal
Buergermeeschter Paul Engel
Awunner 284
  1. Januar 2021; 1. Januar 2022; 1. Januar 2023
Héicht 514 m
Koordinaten 49° 51’ 07’’ N
      05° 54’ 50’’ O

Gréiwels, fréier Nei-Brasilien genannt, ass eng Uertschaft am Kanton Réiden, an der Gemeng Groussbus-Wal.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Gréiwels gouf et nach net op der Ferrariskaart (1777) a läit haut am Beräich vun de ville Kräizungen uewe riets.

1828 huet den deemolege Keeser vu Brasilien, Dom Pedro I., ugekënnegt, keng europäesch Immigrante méi a Brasilien eranzeloossen. Eng Grupp vu ronn 100 Lëtzebuerger[1], déi alles zu Lëtzebuerg verkaaft haten, well se auswandere wollten, war zu Bremen ukomm ouni mam Schëff a Brasilie fueren ze kënnen.

Si koumen zeréck op Lëtzebuerg, total veraarmt, a goufe vun der Lëtzebuerger Regierung um Flouer Um Kale Räis ugesidelt, op den deemolege Gemengegrenze vu Groussbus, Heischent a Wal.

Dat neit Duerf, dat nach 1828 entstanen ass, huet am Ufank Nei-Brasilien geheescht a gouf eréischt méi spéit op den Numm Gréiwels ëmgedeeft. D'Leit ware sou aarm, datt si Grompere bei de Baueren aus der Ëmgéigend geklaut hunn.

1860 gouf landeswäit fir de Bau vun enger Kierch zu Neibrasilien gesammelt[2]. 1861 sinn d'Aarbechte lassgaangen. 1868 huet Gréiwels mëttlerweil eng Kierch, mä nach kee Paschtouer. D'Regierung gouf gebieden, deenen aarme Leit vu Gréiwels ënner d'Äerm ze gräifen. D'Regierungsmembere Servais a Metz bedaueren, de Staat kéint soulaang net hëllefen, wéi kee Paschtoueschhaus am Duerf existéiert[3].

D'Uertschaft Gréiwels gouf bis an d'1950er Jore vun den dräi Gemenge Groussbus, Heischent a Wal verwalt. Dono huet se bis 2023, bis op een Haus, zu der Gemeng Wal gehéiert. Zanter der Fusioun vun de Gemenge Wal a Groussbus, den 1. September 2023, gehéiert se ganz zu der Gemeng Groussbus-Wal.

No Nei-Brasilien genannt[änneren | Quelltext änneren]

  • E Roman vum lëtzebuergesche Schrëftsteller Guy Helminger, Neubrasilien;[4]
  • De Kulturzenter vu Gréiwels: Centre Nei Brasilien;
  • Eng Kadasterparzell zu Gréiwels, déi den Numm Neubrasilien dréit, um Duerfenn Richtung Eschduerf.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • ?, 2003. Neu-Brasilien, Kapriole der Geschichte. Revue Nr. 46 vum 12.11.2003, S. 42-47.
  • Ferraris, comte Joseph de, 1777. Carte des Pays-Bas autrichiens (La carte de Ferraris). Planchette n° 221, Esch-sur-la-Sure. Online-Versioun
  • Friedrich, Evy, 1976. Grevels - Neubrasilien. Tageblatt Nr. 273(26.11.), p. 10, Esch-sur-Alzette.
  • Greisch, Jean-Pierre, 1969. Grevelsbrasilien - Neubrasilien: Wie ein neues Dorf entstand. In: Sapeurs-pompiers Grevels (Ed.), 1969. 1919-1969: Cinquantenaire, 20 juillet 1969: Fête cantonale. S. 33-47.
  • Helminger, Guy, 2010. Neubrasilien. Roman. 315 S. Verlag Eichborn, Frankfurt. ISBN 978-3-8218-6132-6.
  • Schiltz, Aline, 2007. Ruptures et continuités d'un champ migratoire. Analyse de l'immigration brésilienne au Luxembourg. Mémoire en sciences géographiques, Université de Lisbonne, 136 p. (pdf, Gréiwels: S. 67, 67, 75)
  • Schuster, Jemp, 1997. Um kale Räis. [Fräiliichtspektakel am Prommenhaff zu Grousbous de 17., 18., 19., 23., 24., 25., 26. Juli ëm 21 Auer]. Film, Video Kreativ, Bitburg. Mus.: Balli Baldauff. [iwwer d'Auswanderer vu Gréiwels]
  • Wey, Claude, 2003. Luxembourgers in Latin America and the Permanent Threat of Failure. "Return Migration" in the social context of a European micro-society. AEMI Journal, vol. 1: 94-105.
  • Wey Claude, L'histoire des migrations entre le Luxembourg et les Amériques. In: Reuter, A. & J. P. Ruiz (dir.), 2007. Retour de Babel: itinéraires, mémoires et citoyenneté. Éd. Retour de Babel, Gasperich. Tome II: 31-41.
  • Wey, Claude, 2010. Luxemburg und die luso-brasilianische Welt. Ein typologischer Ansatz zu den Beziehungen Luxemburgs mit Portugal und Brasilien vom 16. Jahrhundert bis 1970. S. 269-290 in: Conter, Claude D. & Nicole Sahl, 2010. Aufbrüche und Vermittlungen – Nouveaux horizons et médiations. Beiträge zur Luxemburger und europäischen Literatur- und Kulturgeschichte – Nouveaux horizons et médiations Contributions à l'histoire littéraire et culturelle au Luxembourg et en Europe. 779 S. ISBN 978-3-89528-824-1. [Neubrasilien/Gréiwels: S. 272-273]
D'Kierch zu Gréiwels
Kolumbarium zu Gréiwels
Fënster am Kolumbarium

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gréiwels – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. Schiltz 2007 an der Literatur.
  2. Cf. d'Luxemburger Wort vum 31. August, 2., 5., 12. a 14. September, an 12. Oktober 1860 op www.eluxemburgensia.lu.
  3. Cf. Luxemburger Wort vum 25. Februar 1868 op www.eluxemburgensia.lu.
  4. De Guy Helminger huet d'Geschicht vum Duerf am Joer 2010 an engem Roman verschafft, cf. Helminger 2010 an der Literatur.