Grondreiematt

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Grondreiematt ass eng taktesch Wendung am Schachspill. Eng Damm oder en Tuerm dréngen op déi géigneresch Grondrei (1. bzw. 8. Rei) an, a setzt de rochéierte Kinnek, deen hanner engem Wall vu Baueren ageklemmt ass, matt. Et schwätzt een och vun enger Grondreieschwächt vum Géigner.

Beispill[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem déi wäiss Damm fir d'éischt de schwaarze Kinnek duerch e Schachgebot ofgedrängt huet, dréngt Wäiss op déi 8. Rei an, a setzt de Kinnek do matt.


Solid white.svg a b c d e f g h Solid white.svg
8 a8 b8 c8 d8 e8 f8 g8 h8 8
7 a7 b7 c7 d7 e7 f7 g7 h7 7
6 a6 b6 c6 d6 e6 f6 g6 h6 6
5 a5 b5 c5 d5 e5 f5 g5 h5 5
4 a4 b4 c4 d4 e4 f4 g4 h4 4
3 a3 b3 c3 d3 e3 f3 g3 h3 3
2 a2 b2 c2 d2 e2 f2 g2 h2 2
1 a1 b1 c1 d1 e1 f1 g1 h1 1
a b c d e f g h
Wäiss um Zuch gewënnt


Solid white.svg a b c d e f g h Solid white.svg
8 a8 b8 c8 d8 e8 f8 g8 h8 8
7 a7 b7 c7 d7 e7 f7 g7 h7 7
6 a6 b6 c6 d6 e6 f6 g6 h6 6
5 a5 b5 c5 d5 e5 f5 g5 h5 5
4 a4 b4 c4 d4 e4 f4 g4 h4 4
3 a3 b3 c3 d3 e3 f3 g3 h3 3
2 a2 b2 c2 d2 e2 f2 g2 h2 2
1 a1 b1 c1 d1 e1 f1 g1 h1 1
a b c d e f g h
Stellung no 3. Tf1xf8#


1. Df3-f7+ Kg8-h8
2. Df7-f8+ Te8xf8
3. Tf1xf8#

Géigemoossnamen[änneren | Quelltext änneren]

Fir eng eege Grondreieschwächt ze behiewen huet de Verdeedeger folgend Mëttelen zur Wiel:

  • Hie kann e Bauer virun dem rochéierte Kinnek no vir zéien an op dës Weis e Loftlach schafen. Wann am Beispill uewe Schwaarz um Zuch wier, kéint en h7-h6 zéien, sou datt de schwaarze Kinnek no h7 auswäiche kann.
  • Hie kann d'Grondrei iwwerdecken. Nees am Beispill uewe kéint Schwaarz, wann en um Zuch wier, seng Damm no b8 zéien an d'Grondlinn géint den Abroch op f8 verdeedegen.

Den Nodeel vun deenen zwou Methoden ass, datt se passiv Verdeedegungsmoossname sinn an Zäit kaschten, déi de Géigner dacks fir Aktiounen op anere Plazen notze kann. Dohier ass dacks e Géigenugrëff d'Method vun der Wiel. Am Beispill uewen kéint Schwaarz, wier en um Zuch:

  • säi Bauer op b1 virzéien an zu enger Damm ëmwandelen. Déi nei Damm schaft en entscheedend materiellt Iwwergewiicht a fesselt den Tuerm op f1, sou datt en net méi mattsetze kann.
  • d'Damm no c5 zéien a Schach ginn. Schwaarz gewënnt domat en Zuch Zäit an iwwerdeckt gläichzäiteg d'Abrochsfeld f8. Hie kann elo mat der Géigeniwwerstellung Te8-f8 den Oftausch vun enger vun deenen zwou Ugrëffsfiguren erzwéngen.

Am Beispill uewe sinn dës Méiglechkeeten offensichtlech. A konkreten, komplizéierte Spillsituatioune sinn se dacks méi schwéier ze entdecken. Wichteg fir de verdeedegende Spiller a sou Stellungen ass, datt en all dës Ressourcen erkennt a sech d'Zäit hëlt, hir Vir- an Nodeeler géinteneen ofzeweien.

Partiebeispiller[änneren | Quelltext änneren]

En anschaulecht Beispill fir d'Ausnotze vun der Grondreieschwächt fënnt sech an der (fiktiver) Partie Adams - Torre, New Orleans 1920, an där déi wäiss Damm e puer mol ouni Schachgebot als Affer ugebuede gëtt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]