Guillaume Salomon

Vu Wikipedia
Guillaume Salomon
Gebuer 6. November 1881
Gestuerwen 21. Juni 1944
Nationalitéit Lëtzebuerg

De Guillaume (Gilly) Salomon, gebuer de 6. November 1881 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 21. Juni 1944 zu Tel-Aviv, war e Lëtzebuerger Geschäftsmann an Hobby-Zauberer.

Hie war Viraarbechter an der Händschefabréck a war mat der Rose Lieblich bestuet. 1921 huet hie mat där hiren zwéi Bridder, dem Fred an dem Idek Lieblich, d'Schonggeschäft Gilly, am Gilly-Haus, um Krautmaart an der Stad Lëtzebuerg opgemaach.

De Guillaume Salomon war och bekannt als Hobby-Zauberer an huet sech "Professeur Gilly" genannt.

Well hien a seng Fra d'Gefor fir d'Judden an Europa virausgesinn hunn, ass hien 1939 mat senger Famill an dat deemolegt Palestina geflücht. Hien ass den 21. Juni 1944 zu Tel-Aviv gestuerwen.