Guillaume Salomon
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Guillaume (Gilly) Salomon, gebuer de 6. November 1881 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 21. Juni 1944 zu Tel-Aviv, war e lëtzebuerger Geschäftsmann an Hobby-Zauberer.
Hie war Virarbechter an der Händschefabréck a war bestuet mat der Rose Lieblich. 1921 huet hie mat där hiren zwéi Bridder, dem Fred an dem Idek Lieblich, d'Schonggeschäft Gilly, am Gilly-Haus, um Krautmaart an der Stad Lëtzebuerg opgemaach.
De Guillaume Salomon war och bekannt als Hobby-Zauberer an huet sech "Professeur Gilly" genannt.
Well hien a seng Fra d'Gefor fir d'Judden an Europa virausgesin hunn, ass hien 1939 mat senger Famill an dat deemolegt Palestina geflücht. Hien ass den 21. Juni 1944 zu Tel-Aviv gestuerwen.