Hadriacus Mons

Vu Wikipedia
Struktur um Mars
Hadriacus Mons / Hadriaca Patera
Den Hadriacus Mons mat de Valles am ënneschten Deel vum Bild.
Geologie Vulkan « Hadriacus Mons / Hadriaca Patera. »
Vulkanduerchmiesser ~ 550 × 330 km
Héchste Punkt ~ 1.100 m
Bemierkung

Den Hadriacus Mons (oder Hadriaca Patera, woubäi déi Bezeechnung eigentlech nëmme fir seng Caldera gëllt) ass en erläschte Vulkan um Mars. En ass méi al wéi säin Noper, den Tyrrhenus Mons a steet um Rand vun engem Déifplateau, an där sech d'Lavastréim iwwer en ettlech honnert Kilometer erstrecke konnten. D'Vulkaner um roude Planéit sinn zanter Joermilliounen net méi aktiv. Den Hadriacus Mons huet en Duerchmiesser vu 450 km (330 km × 550 km) an ass 1,1 km héich. D'Caldera huet en Duerchmiesser vu 90 km an ass 700 m déif.[1]

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Caldera vum Vulkan, läit op de Koordinaten: S=-30,2 O=92,79. Um südlechen Hank fänkt de Stroumdall vum 794 km laangen Dao Vallis un (Koordinaten: S=-37,61|O=88,89) a reecht bis zum ëstleche Grond vum Marskrater Hellas Planitia. Den Dao Vallis gëtt duerch den 360 km laange Niger Vallis (Koordinaten: S=-34,96|O=92,57), ugefaange beim südëstlechen Hang vum Vulkan, verlängert. Eppes méi südlech verleeft de 527 km laange Stroumdall Harmakhis Vallis (Koordinaten: S=-40,98|O=90,06), deen och um ëstleche Grond vum Marskrater entsteet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hadriacus Mons – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 42nd Lunar and Planetary Science Conference (2011); Walter S. Kiefer, Robert J. Lillis: Geophysical observations of Hadriaca Patera and Tyrrhena Patera, Mars: Implications for magma chamber structure and for the end of Martian magnetic dynamo