Hambier
| Hambier | |||||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
Rubus idaeus |
|||||||||||||||||
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |||||||||||||||||
|
|||||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||
| Rubus idaeus Carl von Linné |
|||||||||||||||||
Hambier (Rubus idaeus) ass den Numm vun enger Fruucht an dem Trausch, op deem se wiisst. Et ass eng Planzenaart vun der Gattung Rubus aus der Ënnergattung Idaeobatus.
D'Hambier kënnt wëll a bal ganz Europa vir, wou se meeschtens laangscht dem Bord vu Bëscher wiisst. Zënter der Antikitéit ass se als Heelplanz bekannt, an zënter dem Mëttelalter gëtt se och a Gäert geziicht, am Ufank besonnesch a Kléischter.
Den Hambiertrausch gëtt bis zu zwéi Meter grouss, op de Rudde sëtzen dënn Stachelen.
Tëschent Mee an August wuessen vun den eenzelne Schëtz aus Kludderen (de: "Rispen") vu wäisse Bléien All Bléi huet je 5 Kielech- a Krounblieder an iwwer 20 Stëbs- a Fruuchtblieder. De Budem vun der Bléi ass staark no bausse gewëlleft.
D'Friichten, déi meeschtens rout sinn (et ginn och giel a schwaarz Zuuchtformen) sinn, anescht wéi den Numm et mengen deet, botanesch gesinn keng Bieren, mä Sammelsteenfriichten, déi sech aus den eenzele Fruuchtblieder bilden. Anescht wéi d'Schwaarzbier sëtzt d'Fruucht labber um Fruuchtbuedem a ka liicht lassgepléckt ginn.
Hambier hunn en héije Vitaminegehalt a kënne réi giess ginn, zu Sirop, Kompott, Coulis oder Gebeess verkacht oder als Belag an der Pâtisserie gebraucht ginn. Och an Drëppen oder Béiere kann se bäigesat gi fir de Goût.
Literatur [änneren]
- Helminger, Thierry, 1992. Liste der in Luxemburg wildwachsenden Brombeeren (Rubus L. Subgenus Rubus). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 93: 99-111.
- Helminger T., 2009. Checklist of the brambles (Rubus L. subgenus Rubus, Rosaceae) of Luxembourg. Bull. Soc. Nat. luxemb. 110: 53-67.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Rubus idaeus – Biller, Videoen oder Audiodateien |