Heinrich Oberhoffer

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Heinrich Oberhoffer
Gebuer 9. Dezember 1824
Pfalzel
Gestuerwen 30. Mee 1885
Lëtzebuerg
Nationalitéit Däitschland, Lëtzebuerg
Aktivitéit Kierchemuseker, Organist

Den Heinrich (Henri) Oberhoffer, gebuer den 9. Dezember 1824 zu Pfalzel bei Tréier a gestuerwen den 30. Mee 1885 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesch-däitsche[1] Komponist vu Kierchemusek, Organist vun der Stater Kathedral a Musekstheoreetiker[2].

Am Alter vun 32 Joer war hien op Lëtzebuerg geplënnert. Säi Buch iwwer Kierchemusekstheorie „Harmonie und Compositionslehre“ (1860) war gutt bekannt zu Lëtzebuerg. Den Oberhoffer ass och den Auteur vun der Chouerkompositioun „Weihegesang an die heilige Cäcilia“[2].

Vun 1871 bis 1876 war hien och Chouerdirigent vun der Maîtrise de la Cathédrale Notre-Dame vun der Lëtzebuerger Kathedral[3],[4].

Vun 1862 bis 1871 war hien Editeur vun der Zäitschrëft Cäcilia.[5]

Den Heinrich Oberhoffer gouf als eng vun den Zentralfigure vun der Lëtzebuerger Kierchemusek ugesinn[6].

Wierker als Auteur (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Harmonie und Compositionslehre. Mit bes. Rücksicht auf d. Orgelspiel in kath. Kirchen, Luxemburg 1860.
  • Die Schule des katholischen Organisten. Theoretisch-praktische Orgelschule. 3. Auflage, Trier 1880.
  • Harmonie- und allgemeine Musiklehre, mit Rücksicht auf ihre geschichtliche Entwicklung kurz und leicht faßlich dargestellt. 2. Auflage, Trier 1883.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. https://lccn.loc.gov/no2001047018
  2. 2,0 2,1 http://www.eifelzeitung.de/redaktion/kinder-der-eifel/heinrich-oberhoffer-25837/
  3. Alphonse Eichhorn: Der Caecilien-Verein an der Kathedrale Unserer Liebe Frau zu Luxemburg in seiner 125-jährigen Tätigkeit. Luxemburg 1970.
  4. Archive copy Archivéiert op 2017-12-01. Gekuckt de(n) 2017-10-30.
  5. Bibliographesch Notiz op a-z.lu.
  6. Marc Jeck: Ein Trierer als kirchenmusikalische Referenz in Luxemburg. Einige biographische Stationen aus dem Leben des Organisten und Komponisten Heinrich Oberhoffer (1824–1885).