Ida Faber-Hoesdorff

Vu Wikipedia
Ida Faber-Hoesdorff
Gebuer 28. Dezember 1908
Déifferdeng
Gestuerwen 17. November 1998
Bierschbech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler

D'Ida Faber-Hoesdorff, gebuer zu Déifferdeng den 28. Dezember 1908 a gestuerwen am Blannenheem zu Bierschbech de 17. November 1998, war eng lëtzebuergesch Molerin.

Si huet am Lycée zu Esch-Uelzecht studéiert. Aus Gesondheetsgrënn geet se duerno op Baaschtnech. Do krut si Privatcoursen an Zeechnen a Molerei. Si war haaptsächlech Autodidaktin. Spéider huet se Coursë bei der École ABC vu Paräis a Privatcoursë beim Professer Virgile Ghinea, vun der Université Paris 8, geholl.

Den 31. Mäerz 1934 gouf si mam Schoulmeeschter Faber bestuet. Se kruten 2 Kanner. Si hunn zu Beggen gewunnt.

Vu figurative Biller geet si iwwer stiliséiert op abstrakt Konscht. Si huet och Ikonen op Holz gemoolt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ida Faber-Hoesdorff – Biller, Videoen oder Audiodateien