Interkulturell Kommunikatioun

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Am Beräich interkulturell Kommunikatioun gëtt mat Hellëf vun den Disziplinnen Ethnolinguistik, Pragmatik a Soziolinguistik d'Kommunikatiounsweisen (Schwätzen, Gestik, Mimik asw.) vu Mënschen aus verschiddene Kulturkreesser ënnersicht.

De Begrëff "intercultural communication"[änneren | Quelltext änneren]

De Begrëff „intercultural communication“ gouf fir d'éischt an den USA an de 50er Jore gebraucht. Datt interkulturell Kommunikatioun ee wichtegt Thema gouf an och bleift, gëtt haut virun allem mat der Globaliséierung an Zesummenhank bruecht. Den technologesche Fortschrëtt mécht eng direkt weltwäit Kommunikatioun méiglech. Dobäi kënnt, datt d'Mobilitéit vun den Aarbechtskraaften enorm zougeholl huet. Net ze vergiessen ass, datt d'interkulturell Kommunikatioun duerch déi politesch Entwécklung gewuess ass. Hei sief nëmmen als Beispill d'Entkolonialiséirung genannt, déi déi traditionell politesch a kulturell Grenze verännert huet. Kooperatioun am Handel an an der Industrie ass entstanen. An nationalen an internationalen Organisatioune gëtt däitlech, datt Zesummenaarbecht nëmme mat Rücksicht op d'Multikulturalitéit vun den eenzelne Gesellschafte méiglech ass. Den Alldaag vun ëmmer méi Leit ass also interkulturell geprägt an erfuerdert ëmmer méi komplex kommunikativ Kompetenzen, déi wäit iwwer d'Friemsproochekenntnesser erausginn.

Rich Points / Hotspots[änneren | Quelltext änneren]

De Sproochewëssenschaftler Hans Jürgen Heringer gebraucht d'Konzept vun de „Rich Points“ vum Michael Agar. Hie selwer benotzt de Begrëff „Hotspots“. Soubal an engem Gespréich Schwieregkeeten optauchen, kann et sech ëm Rich Points handelen. Rich Points an enger Kultur hunn eppes Typesches, si si „räich“, well se Abléck an déi jeeweileg Kultur verschafen. E Beispill vu sou engem Rich Point ass d'Wiel vum du oder Sie am Däitschen. Typesch fir sou e Rich Point ass datt et ënnerschiddlech Meenungen an Erklärungen dozou ginn.

Den Hans Jürgen Heringer erkläert, datt e Rich Point wéi e Stolpersteen ass, et fält een driwwer. Et huet een een entdeckt, wa Verständnes - a Kommunikatiounsproblemer opdauchen, déi entstinn, well een ze wéineg iwwer déi jeeweileg kulturell Hannergrënn Bescheed wees.

Beispiller vun Hotspots[änneren | Quelltext änneren]

Hotspots, déi am Verlaf vu Gespréicher an interkultureller Kommunikatioun opdauche kënnen.

Begréissen:[änneren | Quelltext änneren]

Gëtt sproochlech an gestesch/kierperlech ausgeféiert. Am Amerikanesche gëtt op d'Begréissungsfloskel „how do you do?“ keng Äntwert, mä en Echo Feedback erwaart. Um Telefon nennt een an Däitschland ëmmer nach dacks säin Numm, an Frankräich mellt ee sech mat „oui“ an an Italien mat „pronto“. Och de kierperlechen Undeel variéiert staark. Sou ass et an Éisträich Gebrauch, sech d'Hand als Begréissung ze ginn, woubäi een am Iran enger Fra ni d'Hand gëtt. Op de Philippinnen gréisse sech d'Männer dacks mat engem Klapps op de Réck.

Perséinlech Froen:[änneren | Quelltext änneren]

Problematesch kënnen déi verschiddenst perséinlech Froen sinn, wéi z. B. op e bestuet ass, wéi vill Kanner een huet, wéi vill e verdéngt, wéi al een ass, asw.

  • A Skandinavien, China, England kann een no de familiäre Verhältnesser froen.
  • An Indonesien sinn dogéint perséinlech Froe generell tabu, an een Araber freet een ni no senger Fra.

Jo an Nee soen:[änneren | Quelltext änneren]

Virun allem Nee soen ass ee schwieregt Thema. Hei stellt sech d'Fro no enger direkter oder indirekter Ofleenung. An England kann z. B. d'Äusserung „Hm, that's an interesting idea“ d'Ofleenung vun dëser Iddi bedeiten. D'Geste vun der Zoustëmmung oder vun der Ofleenung variéiren och staark. Mam Kapp nee wénken kann am Bulgareschen z. B. „Jo“ heeschen.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Heringer, Hans Jürgen: Interkulturelle Kommunikation. Grundlagen und Konzepte. Tübingen/Basel 2004, S. 161-180