Irescht Mier

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
EU Insignia.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Irescht Mier (Englesch: Irish Sea, Iresch: Muir Éireann, Walisesch: Môr Iwerddon) ass den Deel vum Atlanteschen Ozean, deen tëschent Groussbritannien an Irland läit. Am Süden ass et duerch de St George's Channel (tëschent der Republik Irland a Wales), an am Norden duerch den North Channel (tëschent Nordirland a Schottland) mam Atlanteschen Ozean verbonnen. Déi gréissten Inselen am Iresche Mier sinn Anglesey an d'Insel Man.

Wichteg Häfen, souwuel fir Gidder- wéi och Passagéierverkéier, sinn op der britescher Säit Stranraer dat a Schottland läit, Liverpool (England), Holyhead a Swansea, béid a Wales, an op der irescher Säit Belfast (Nordirland) an Dublin a Cork, béid an der Republik Irland.

Commons: Irish Sea – Biller, Videoen oder Audiodateien