Jacopo Filippo Maraldi

Vu Wikipedia
Jacopo Filippo Maraldi
Gebuer 21. August 1665
Perinaldo
Gestuerwen 1. Dezember 1729
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Astronom, Mathematiker
Member vun Académie des sciences

De Jacopo Filippo Maraldi gebuer den 21. August 1665 zu Perinaldo a gestuerwen den 1. Dezember 1729 zu Paräis war en italieeneschen Astronom.

Hie war den Neveu vum Giovanni Domenico Cassini. Dem Maraldi säin Neveu, den Giovanni Domenico Maraldi (Maraldi II; 17. Abrëll 1709 - 14. November 1788) war och e bedeitenden Astronom.

De Maraldi gouf 1702 Member vun der Académie des sciences zu Paräis.

De Maraldi huet d'Rotatiounsperiod vum Mars mat 24 Stonnen an 39 min. bestëmmt.

Hien huet 1704 d'Nordpolarkap vum Mars entdeckt. D'Südpolarkap gouf 1672 vum Christiaan Huygens entdeckt.

Hien huet d'Jupitermounde beobacht an huet e Stärekatalog gemaach. De Maraldi hat och erkannt, datt déi bei enger Sonnendäischtert opfälleg Korona zur Sonn gehéiert.

Vu 1700 bis 1718 huet hie bei der franséischer Gradmiessung matgeschafft.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie