Josef Wenzel I. vu Liechtenstein

Vu Wikipedia
Josef Wenzel I. vu Liechtenstein
Gebuer 9. August 1696
Prag
Gestuerwen 10. Februar 1772
Wien
Nationalitéit Liechtenstein
Aktivitéit Diplomat, Feldhär, Offizéier, Ambassadeur, Zaldot

De Josef Wenzel Lorenz, gebuer den 9. August 1696 zu Prag, a gestuerwen den 10. Februar 1772 zu Wien, war e Feldmarschall vun der keeserlech-kinneklecher Arméi a vu 1712 bis 1718 Grof vu Vaduz an Här zu Schellenberg, souwéi 1748–1772 de 4. Fürst vu Liechtenstein. Vu 1732 bis 1745 war hie Momper vum 3. Fürst Johann Nepomuk Karl, deem säin Nofollger hie gouf.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Hie war de Bouf vum keeserleche Feldmarschall Philipp Erasmus vu Liechtenstein (1664–1704) a senger Fra Christine Theresia vu Löwenstein-Wertheim (1665–1730), der Schwëster vum Maximilian Karl vu Löwenstein-Wertheim-Rochefort. Wéi en 8 Joer hat, ass säi Papp gestuerwen, an de Walther Fürst Dietrichstein an de Maximilian Ulrich vu Kaunitz hu sech ëm seng Erzéiung bekëmmert.

Hien huet op der Karls-Universitéit zu Prag studéiert. Vun 1716 bis 1718 war hien Oberstleutnant an der Arméi vum Eugen vu Savoyen géint d'Tierken am Venezianesch-éisträicheschen Tierkekrich. An der Schluecht bei Belgrad huet hie knapps iwwerlieft. Nom Fridde vu Passarowitz 1718 goung hien zeréck an d'zivilt Liewen an huet sech bestuet.

1733 gouf hien zum Generalmajor ernannt. 1734 hu Frankräich a Spuenien den Eisträicher de Krich erkläert, an de Josef Wenzel krut de Kommando an der Rhäinarméi ënner dem Prënz Eugen. Am Mee 1734 ass hien zum Feldmarschall-Leitnant promouvéiert ginn.

1735 huet de Keeser Karl VI. hien als Gesandten op de preiseschen Haff op Berlin vum Friedrich Wilhelm I. geschéckt, an dono bis 1740 als Ambassadeur op de franséischen Haff zu Paräis.

1739 krut de Josef Wenzel den Uerde vum Gëllene Vlies, gouf zum General der Kavallerie ernannt a gouf zousätzlech 1744 Generaldirekter iwwer d'Artillerie. 1745 krut hie vum neie Keeser Franz I. den Uewerkommando als Feldmarschall vun der éisträichescher Arméi an Italien. 1753 gouf e Generalkommandant an Ungarn.

A senger Funktioun als Generaldirekter vun der éisträichescher Artillerie huet hien déi zum stäerksten Instrument vun der keeserlecher Arméi gemaach; net zulescht och, andeems e bereet war, aus eegener Täsch zu deem Ausbau bäizedroen.

1748 gouf de Josef Wenzel Fürst vu Liechtenstein.

1752 ass hie vu Wien aus op Spa an d'Thermalbad gereest, a vun do aus, op Invitatioun vum Herzog vun Nassau, virun op Den Haag. Op senger Rees koum hien am Januar 1752 och duerch Lëtzebuerg, wou hien d'Festung Lëtzebuerg besicht huet a bei geheime Minnenexperimenter an der Géigend vun Hamm derbäi war[1].

Hie war zanter 1718 mat der Anna Maria von Liechtenstein, enger Kusinn, bestuet, hir 4 Kanner sinn all fréi gestuerwen.

Säin Ierwen als Fürst gouf dofir, no sengem Doud, de Jong vu sengem klenge Brudder, de Franz Josef I.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Josef Wenzel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lange, R., Genot, G., „Joseph Wenzel von Liechtenstein und die Grenzfestung Luxemburg“ In: Fecit. W: Callot. La vue de la ville de Luxembourg par Wenzel Callot de 1753, S. 134-137