Josy Hamer

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Josy Hamer
Gebuer 3. Oktober 1925
Eeselbuer
Gestuerwen 26. Dezember 2022
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Violonist

De Josy Hamer, gebuer den 3. Oktober 1925 zu Eeselbuer[1], a gestuerwen de 26. Dezember 2022[2], war e lëtzebuergesche Violonist, Hautboisspiller an Direkter vum Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg.

Vum zweete Schouljoer un ass hien zu Esch-Uelzecht an d'Museksschoul gaangen, wou hie Solfège, Gei an Hautbois studéiert huet. No dem zweete Weltkrich huet e säi Museksstudium zu Bréissel um Conservatoire Royal weidergefouert a mat e puer Diplomer ofgeschloss. Kuerz duerno gouf en 1949 vum Henri Pensis an den Orchester vun RTL engagéiert, wou en déi zwee Instrumenter Gei an Hautbois gespillt huet. Doniewent war hie vun 1955 bis 1965 Dirigent vun der Dikrecher Philharmonie an huet zu Dikrech an der Museksschoul Gei, Hautbois a Klarinett enseignéiert[3]. Vun 1965 bis Dezember 1989 war hien deen éischte Lëtzebuerger Direkter vum Stater Conservatoire, deen duerch seng Impulser 1985 en neit Gebai um Geesseknäppche krut[4].

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Le Conservatoire de la Ville de Luxembourg et ses directeurs an der Nummer 65 vun 2000 vun Ons Stad op de Säiten 12 bis 16
  2. Der „Pionéier" Josy Hamer ist gegangen. Luxemburger Wort (2023-01-22). Gekuckt de(n) 2023-01-22.
  3. Historique du CMNord - Conservatoire du Nord. www.cmnord.lu. Gekuckt de(n) 2023-02-26.
  4. Joseph Groben: "In Memoriam Josy Hamer" - Noruff am Luxemburger Wort vum 26. Januar 2023, S.15
  5. Distinctions honorifiques à l'Ambassade des Pays-Bas. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (8. Mäerz 1974). Gekuckt de(n) 2023-01-22.
  6. Pour leurs mérites dans le domaine culturel. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (26. Juni 1974). Gekuckt de(n) 2023-01-23.